Rochuskapell an der Fiels

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Rochuskapell Fiels)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
Rochuskapell Fiels
Den Altor an der Rochuskapell
Uertschaft Fiels
Par Fiels
Numm / Patréiner Hl. Rochus
Konsekratiounsjoer -
Architekt(en) -
Kierchen - Kapellen

D'Rochuskapell vun der Fiels ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Fiels, zum Parverband Fiels, zu der Pastoralregioun Zentrum, zum Dekanat Miersch an zu der Gemeng Fiels gehéiert.

Se steet an der Mierscherstrooss, dem CR118 vis-à-vis vum leschten Haus, am Lach nieft der schaarfer Kéier.

Zur fréierer Par Fiels gehéiert och nach d'Parkierch vun der Fiels an d'Kapell vun Iernzen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Während dem Drëssegjärege Krich huet, wei op villen anere Plazen och, d'Pescht an der Fiels geroost.

Den Hellege Rochus gouf zu Lëtzebuerg als de Peschthellegen ugesinn, also deen een ëm Hëllef rifft fir sech dogéint ze schützen. Dat hu sengerzäit och den Niklaus Hansen a seng Fra, d'Catharina Schlaug gemaach. Si hunn dem Hellege Rochus versprach eng Kapell ze bauen wa se vun der Krankheet verschount bléiwen. Dat huet geklappt an dunn hu se wéi versprach d'Kapell um deemolege Wee fir op Noumer baue gelooss.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rochuskapell an der Fiels – Biller, Videoen oder Audiodateien