Op den Inhalt sprangen

Kapell Iernzen

Vu Wikipedia
Kapell vun Iernzen

Uertschaft / Plaz Iernzen
Par Mëllerdall
Saint-Michel
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Helleg Bäerbel
Koordinaten 49° 46’ 20.8’’ N
      06° 13’ 14.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell vun Iernzen ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Fiels gehéiert.

D'Patréinesch vun der Kapell ass d'Helleg Bäerbel, där hiert Fest de 4. Dezember gefeiert gëtt.

Se steet am ëstlechen Deel vun der Uertschaft un der Fielserstrooss, dem CR119.

Den 12. Januar 1989 gouf se als Zousazinventaire op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Zur fréierer Par Fiels gehéiert ausser der Kapell vun Iernzen och nach d'Fielser Parkierch an d'Rochuskapell vun der Fiels.

Commons: Kapell Iernzen – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kapell vun Iernzen

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).