Rochuskapell an der Fiels
| ||||
|---|---|---|---|---|
| Uertschaft / Plaz | Fiels | |||
| Par | Mëllerdall Saint-Michel | |||
| Dekanat | Zentrum | |||
| Numm / Patréiner | Hl. Rochus | |||
| Koordinaten | 49° 47’ 17.2’’ N 06° 12’ 31.8’’ O | |||
| Kierchen - Kapellen | ||||

D'Rochuskapell an der Fiels ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Fiels gehéiert.
Se steet an der Mierscherstrooss, dem CR118 vis-à-vis vum leschten Haus, am Lach nieft der schaarfer Kéier.
De 6. November 2020 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1][2]
Zur fréierer Par Fiels gehéiert och nach d'Parkierch vun der Fiels an d'Kapell vun Iernzen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Wärend dem Drëssegjärege Krich huet, wei op villen anere Plazen och, d'Pescht an der Fiels geroost.
Den hellege Rochus gouf zu Lëtzebuerg als de Peschthellegen ugesinn, also deen een ëm Hëllef rifft fir sech dogéint ze schützen. Dat hu sengerzäit och den Nicolaus Hansen a seng Fra, d'Catharina Schlaug gemaach. Si hunn dem hellege Rochus versprach eng Kapell ze baue wa se vun der Krankheet verschount bléiwen. Dat huet geklappt an dunn hu se wéi versprach d'Kapell um deemolege Wee fir op Noumer baue gelooss.
Iwwer der Paart steet d'Opschrëft: ZU LOB UND EHREN DER HEILIG DREIFALTIGKEIT UND MARIAE DER MUTTER GOTTES / A. 1643 HABEN BEIDE EHELEUT NICOLAUS HANSEN UND CATHARINA SCHLAUG DIES CAPEL AUFERBAUEN LAS(SEN)
Laanscht de Wee bis bei d'Kapell ass e Kräizwee mat 14 a Stee gemeesselte Statiounen.
Kuerz virun der Kapell ass och nach eng Lourdes-Grott aus dem Joer 1950.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Rochuskapell an der Fiels – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Februar 2026).
- ↑ COSIMO, (23.10.2019). Gekuckt den 21.12.2025.
