Uelegsmillen (Chrëschtnech)

Vu Wikipedia
Uelegsmillen
(2021)
An anere Sproochen de: Oligsmühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Waldbëlleg
Buergermeeschter Andrée Henx-Greischer
Koordinaten 49° 47’ 2’’ N
      6° 17’ 9’’ O
D'Weekräiz vun 1831

D'Uelegsmillen (lokal: Ueligsmillen) ass eng Millen an e Lieu-dit bei Chrëschtnech an der Gemeng Waldbëlleg. Se läit um CR118 op der Kesselecksbaach.

Nieft dem Agang steet e polychroomt Weekräiz vun 1831. Um Kapp vum Kräiz ass eng Pietà, drënner eng Skulptur déi d'Katharina vun Alexandria duerstellt.

D'Gebaier vun der Mille goufen de 6. September 2018 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Mille gouf 1790-1791 vum Johann Ries a senger Fra Anna Maria Krippel, gebaut. No 1800 koum s'an de Besëtz vun der Famill Engling. Si war d'Heemechtshaus vum Jean Engling. 1855 huet de Betrib op der Millen opgehalen.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Uelegsmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.545-546.