Op den Inhalt sprangen

Gespär

Vu Wikipedia
Gespär an der Kärenhal vun 1860 zu Aire-sur-Adour

E Gespär ass bei Holzkonstruktiounen en Drowierk, bei deem d'Haaptlaascht déi op den Drodunne läit duerch schréi Verstriewungen opgeholl gëtt, an doduerch gläichméisseg op d'Maueren, Sailen, oder aner Opleeër weidergeleet gëtt.

Gespärer ginn am Hausbau fir Daachkonstruktioune gebraucht, besonnesch bei Diech mat besonnesche Formen, déi net direkt duerch Maueren oder aner Stäipe gedroe ginn, an am Bréckebau.

D'Gespär fënnt een awer och am moderne Stolbau, a bei Eisebëtongskonstruktiounen am Bréckebau. Eng einfach Form vu Gespärer am Bréckebau sinn d'Fachwierkkonstruktiounen. Stäipe vun der rouder Bréck, sinn am Fong näischt anescht wéi e modernt stole Gespär.

A groussen Hale bestinn hëlze Gespärer hautdesdaags dacks aus geläimten Dunnen, Läimbënneren, déi duerch hir besonnesch Konstruktioun amstand sinn grouss Drowäiten ze garantéieren. Och am Bréckebau ginn dës agesat. Gespärer aus geläimten Dunnen hunn den Avantage datt se am Fall wou ee Feier ausbrécht, net sou séier zesummebriechen, wéi stole Konstruktiounen, déi sech béien, soubal wéi se eng gewëssen Temperatur kréien, ouni datt emol eng Flam drukënnt.

Bezeechnung vun de verschiddenen Deeler

[änneren | Quelltext änneren]
LëtzebuergeschFranséischDäitsch
Viischtpanne faîtièreFirstpfette
MännchenpoinçonFirstbänder
Iewescht StriewcontreficheVerstrebung
Iewescht Suelfaux-entraitKehlbalken
GespiersuelentraitAnkerbalken
Daachholz/PuertpannePfette
DunnsoliveDeckbalken
PuertstriewlienStrebeband
HaaptziederarbalétierHauptsparren
Klengen Ziederarbalétier de jouéeStützbalken
ViischtstriewlienStrebeband
GespärstriewcontreficheGesperrstrebe
KäfferchevronSparren

Bekannt Brécken déi mat hëlze Gespärer gebaut sinn

[änneren | Quelltext änneren]
Verschidde Bréckegespärer
 Commons: Gespärer – Biller, Videoen an Audiodateien