Jean-Pierre Franck

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Franck
Gebuer 13. Januar 1895
Gestuerwen 28. Oktober 1950
Aktivitéit Historiker

De Jean-Pierre Franck, gebuer den 13. Januar 1895 zu Hierber a gestuerwen zu Esch-Uelzecht den 28. Oktober 1950, war e lëtzebuergesche Professer am Secondaire an Historiker.

Nom Iechternacher Kolléisch (Promotioun 1913) huet hien op de Cours supérieurs am Stater Kolléisch, zu Fribourg, zu München an zu Stroossbuerg studéiert a säi Studium (Latäin a Geschicht) den 29. September 1919 summa cum laude mat enger Dokterthees, déi am Kader vun der deemoleger Collation des grades geschriwwe gouf, iwwer d'politesch Usiichte vum François Guizot ofgeschloss. Säi praktesche Stageexamen huet hien den 13. Juli 1921 ofgeluecht.

Duerno huet de Jean-Pierre Franck am Dikrecher Kolléisch als Repetent an dunn als Professer geschafft, a sech do ëm d'Bibliothéik an de Volleksbildungsveräin gekëmmert. Am Zweete Weltkrich gouf en an Däitschland op Köln an op Gollnow eng ronn 30 km vu Stettin ewech versat.

Vum 19. Dezember 1946 bis zu sengem Doud war en Direkter vum Escher Meedercherslycée.

Hien huet Artikelen iwwer al Kierchen am Éislek publizéiert, huet eng Aarbecht iwwer politesche Konservatismus an e Léierbuch fir Geschicht geschriwwen. Hie war Mataarbechter vun der Essener Allgemeine Zeitung a vun de Münchener Neueste Nachrichten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Félix Heuertz (1922), ergänzt vum Charles Lang (1967), Le Personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922; Lëtzebuerg (Ministère de l'Éducation nationale), 1967; S. 29.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Jean-Pierre Franck am Escher Tageblatt vum 30. Oktober 1950 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-02-08.