Croissance
Typ | Skulptur |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Ageweit | 1963 |
Héicht | 4,50 m |
Material | Bronz |
Bauhär | Stad Lëtzebuerg (Verwaltung) |
La Croissance[1] ass den Numm vun enger monumentaler bronze Skulptur aus dem Joer 1963 vum Lucien Wercollier, déi um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg steet.
Déi 4,50 m héich Skulptur erënnert un eng Planz déi sech mat zwéin Äscht no uewe streckt, an engem drëtten Aascht, deen no ënne wiisst.
D'Skulptur dréit keng Signatur vum Kënschtler.
Si war 1963 erausgesicht gi fir als Monument du millénaire vun der Stad Lëtzebuerg um Bockfiels opgestallt ze ginn, wat awer net geschitt ass.
Historique
[änneren | Quelltext änneren]Déi deemoleg Regierung an d'Stad Lëtzebuerg haten decidéiert fir 1963, bei der Geleeënheet vun der Joerdausenfeier vun der Stad Lëtzebuerg, e Monument um Bockfiels, op där Plaz wou dem Siegfried seng Buerg stoung, opzeriichten.
Et gouf e Concours organiséiert, bei deem de Jury dem Lucien Wercollier seng Skulptur Croissance zeréckbehalen hat.
Wéi d'Plattform fir d'Monument preparéiert gouf (Plate-forme du millénaire), sinn d'Aarbechter op Grondmauere vun der fréierer Buerg gestouss. Et gouf dunn decidéiert, dës Iwwerreschter ze konsolidéieren a bis op Meterhéicht erop ze bauen. Déi ganz Plaz gouf duerno zum Monument du millénaire (Monument vun der Joerdausendfeier vun der Stad Lëtzebuerg) ernannt.
Dem Wercollier seng Skulptur gouf net um Bock, mä um Kierchbierg virum Europäesche Geriichtshaff opgestallt. No 2000, wéinst dem Chantier vum Ausbau vum Geriichtsgebai, ass d'Skulptur um Wues hanner dem Gebai, laanscht d'Fort Niedergrünewald-Strooss, installéiert ginn, bis se 2009 wéinst dem Chantier an där Strooss nees ewechgeholl gouf.
Se gouf duerno um Boulevard Konrad Adenauer erëm opgestallt.
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- Joseph-Émile Muller, 1976. Lucien Wercollier. Collection: Les Maîtres de la Sculpture Contemporaine. Arted, Éditions d'Art, Paris. 49 S. D'Fotoe si vum Édouard Kutter jr., Raymond Mehlen, Lex Reding, Pitt Schneider a Marcel Schroeder. ISBN 2-85067-038-3.
- Joseph-Émile Muller, 1983. Lucien Wercollier. Publication de la Section des arts et lettres de l'Institut grand-ducal. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 132 S. Ouni ISBN.
- Léon Blasen, 1985. Das «Monument du Millénaire» im Clausener Berg. Télécran Nr. 9 (2.-8.3.1985): 21-22.
- Léon Blasen, 1985. Zwei Monumentalskulpturen von Lucien Wercollier: “La Rampante” (Lycée Michel Rodange) und “Croissance” (Europäischer Gerichtshof auf dem Kirchberg). Télécran Nr. 27 (6.-12.7.1985): 12-13.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Aner Skulpture vum Lucien Wercollier an der Stad Lëtzebuerg:
- Le prisonnier politique beim Hinzerter Kräiz um Lampertsbierg an an der fréierer Abtei Neimënster
- Interpénétration um Boulevard Royal
- L'accord am Pescatore Park
- L'envol a L'éternel féminin am Park Neuman um Lampertsbierg
- Signe dans l'espace um Zens
- La rampante um Geesseknäppchen
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Um Schëld bei der Skulptur steet: La Croissance. An der Literatur fënnt ee Croissance.