René Weyland

Vu Wikipedia
René Weyland
Gebuer 16. Dezember 1921
Gestuerwen 20. Abrëll 2002
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur

De René Weyland, gebuer de 16. Dezember 1921 zu Esch-Uelzecht, och du gestuerwen den 20. Abrëll 2002, war e lëtzebuergesche Sculpteur a Moler.

No senger Léier huet hie bis Ufank vum Zweete Weltkrich als Elektriker op der Schmelz zu Esch geschafft. 1942 war hien am Maquis zu Autrans, bei Grenoble aktiv. 1945 koum hien nees heem an ass als Elektriker bei d'Gemeng Esch schaffe gaangen. Zu Paräis huet hien dunn eng Ausbildung als Bünenelektriker gemaach a gouf 1962 Chef vum Service Technique am Escher Theater, wou hie bis zu senger Pensioun 1980 bliwwen ass.

Zesumme mat senger Fra, der Lucie Robert, hat hien och eng Zäit laang d'Gerance vum Escher Peuple. An der Fola war hie mol Golkipp.

An den 1950er a 60er Joren huet de René Weyland d'Dekore beim Escher Liewensfrou gemaach a war eng dreiwend Kraaft wann et ëm d'Escher Kavalkad gaangen ass.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Quell[änneren | Quelltext änneren]

  • Hien woar e Stéck Esch. Noruff vum JEM am Tageblatt, 25. Abrëll 2002.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]