Maquisarde-Monument Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
Maquisarde-Monument Esch-Uelzecht
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Plaz Esch-Uelzecht
Koordinaten 49°29'32,6875"N, 5°58'33,5654"O
Material Goss
Kënschtler René Weyland

D'Maquisarde-Monument zu Esch-Uelzecht ass e Krichsmonument, dat un d'Maquisarden erënnert, déi op der Säit vun den Alliéierten am Zweete Weltkrich gekämpft hunn.

Et besteet aus engem Sockel, op deem eng Nobildung aus Goss vun enger Skulptur aus dem Joer 1950 vum René Weyland[1], dee selwer Maquisard war, ze gesinn ass[2] . D'Skulptur weist zwéi Maquisarden déi am Gaang sinn ze kämpfen, woubäi ee vun hinne grad an d'Gette geet.

D'gosse Figur gouf vun der Association des Anciens Maquisards Luxembourgeois en France den 19. Juni 1999 der Stad Esch geschenkt, déi d'Monument opgeriicht huet[3].

D'Opschrëft um Sockel seet:

Honneur aux maquisards luxembourgeois 1940-1945. Refusant la servitude, ils ont combattu au côté des alliés pour rendre à notre patrie la liberté, sa dignité et son indépendence.

D'Monument stoung e puer Joer laang op der Place de la Résistance, fréier Brillplaz genannt. Wéi déi nei amenagéiert gouf, koum et an d'Entréeshal vum Nationale Resistenzmusée stoen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Original ass 40 cm héich a steet am Resistenzmusée zu Esch.
  2. Jeng Geimer: "Ces monuments témoins de notre passé: Monuments et bâtiments historiques à Esch." In: 100 Joer Esch 1906-2006. Esch-sur-Altzette, 2005, S. 280-295; hei: S.292.
  3. Geimer 2005.