Émile Hulten
Émile Hulten | |
---|---|
Gebuer |
5. August 1914 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
8. Mee 1969 Esch-Uelzecht |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
Den Émile Hulten, gebuer de 5. August 1914 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen och do den 8. Mee 1969 bei engem Autosaccident, war e lëtzebuergesche Sculpteur a Konschtschräiner.
Hien huet an der Handwierkerschoul an der Stad studéiert. Duerno huet hien Holzschnëtzerei an enger Fachschoul zu Oberammergau geléiert. Hie war éischter Autodidakt a war dofir nëmme ganz kuerz zu Paräis op der École d'Art Décoratif fir sech kënschtleresch weiderzebilden. Fir hien hat dat handwierklecht Kënne Virrang iwwer dat kënschtlerescht.
Hien huet op Bestellung am Holz, Schifer, Leem, Gips a Goss geschafft. D'Bestellunge waren haaptsächlech reliéis Statuen a Relieffer, wat awer net verhënnert huet datt hien och Miwweldekoratiounen a soss Verzierunge gemaach huet.
Den Émile Hulten war am Zweete Weltkrich Member vun der Resistenzorganisatioun Letzeburger Scouten. Duerno huet hien als fräischafende Kënschtler geschafft.
1957 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- D'Entwërf fir d'Statue vum Biergaarbechter a vum Schmelzaarbechter, déi zu Esch op der Norbert-Metz Plaz, resp. an der Groussgaass stinn.
- En Deel vun de Relieffer virum Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht
- Dafsteen an der Kierch zu Esch-Lalleng
- Muttergottes-Statu baussen iwwer der Entrée vun der Kierch Esch-Lalleng
- Kräizegungsgrupp an der Kierch zu Beefort
- Kräizwee an der Kierch zu Beetebuerg
- Kräizwee an der Kierch zu Béiwen (Stauséigemeng)
- Kräizwee an der Kierch zu Conter
- Kräizwee an de Kierchen zu Éilereng, Zolwer, Konsdref, Maarnech, Biebereg, Miedernach, Méchelbuch, Péiteng, Iermsdref, Rueder, Biermereng, Simmer, Neiduerf, Wolwen, Houwald, Lëntgen, Bëschdref, Rippweiler, Biwesch, Éiter, Stengefort
- Statuen a ville Kierche vum Land
- D'Resistenzmadonna, eng Holzstatu, déi zanter 1982 an der Chapelle Notre-Dame de la Résistance zu Esch-Uelzecht steet.
- Gossene Relief Land der Roten Erde, deen d'Escher Gemeng der Stad Moskau 1946 geschenkt huet.
- Krichsmonument zu Duelem