Kierch Esch-Lalleng

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vun Esch-Lalleng
Lallenger Kierch
Lallenger Kierch
Uertschaft Esch-Lalleng
Par Esch-Uelzecht
Sainte-Famille
Numm / Patréiner Maria Kinnigin
Architekt(en) Isidore Engler
Konsekratiounsjoer 1953 (21. Nov.)
Koordinaten 49° 38’ 41.5’’ N
05° 59’ 16.2’’ O
Kierchen - Kapellen
Weekräiz bei der Kierch

D'Kierch zu Esch-Lalleng, ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Esch-Uelzecht Sainte-Famille an zu der Gemeng Esch-Uelzecht gehéiert.

D'Kierch, déi am November 1953 ageweit gouf, ass Maria, der Kinnigin vun der Welt geweit. D'Fest gëtt den 22. August gefeiert.

Se steet op der Kräizung vun der Lëtzebuerger Strooss (N4), dem Boulevard Grande-Duchesse Charlotte (N4C) an der Monnerecher Strooss (CR106).

Nieft der Kierch steet op der Westsäit (Monnerecher Strooss) e Weekräiz.

D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Et ass eng modern Kierch. An der Fassad iwwer dem Agank steet eng grouss Statu vun der Muttergottes als Kinnigin.

De Mosaik am Chouer ass vum Jean Barillet vu Paräis a stellt d'Kréinung vu Maria duerch d'Dräifaltegkeet duer. Ze gesi sinn och nach de Johannes den Evangelist an de Pius X. Den Dafsteen ass vum Emile Hulten, d'Fënstere vum Frantz Kinnen stellen Zeenen aus dem Liewe vun der Muttergottes duer.

Um Duxall steet eng Westenfelder-Uergel mat 15 Regëster, déi den 21. November 1987 ageweit gouf.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Kierchtuerm hänken dräi Klacken, déi an den Téin h', a' a fis lauden.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Broschür 25 Joer Poar Lalleng, 25 Joar Kierchechouer, Aweihung vun der neier Uergel

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Esch-Lalleng – Biller, Videoen oder Audiodateien