Émile Hulten

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Emile Hulten)
Émile Hulten
Gebuer 5. August 1914
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 8. Mee 1969
Esch-Uelzecht
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur
De Biergaarbechter

Den Émile Hulten, gebuer de 5. August 1914 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen och do den 8. Mee 1969 bei engem Autosaccident, war e lëtzebuergesche Sculpteur a Konschtschräiner.

Hien huet an der Handwierkerschoul an der Stad studéiert. Duerno huet hien Holzschnëtzerei an enger Fachschoul zu Oberammergau geléiert. Hie war éischter Autodidakt a war dofir nëmme ganz kuerz zu Paräis op der École d'Art Décoratif fir sech kënschtleresch weiderzebilden. Fir hien hat dat handwierklecht Kënne Virrang iwwer dat kënschtlerescht.

Hien huet op Bestellung am Holz, Schifer, Leem, Gips a Goss geschafft. D'Bestellunge waren haaptsächlech reliéis Statuen a Relieffer, wat awer net verhënnert huet datt hien och Miwweldekoratiounen a soss Verzierunge gemaach huet.

Den Émile Hulten war am Zweete Weltkrich Member vun der Resistenzorganisatioun Letzeburger Scouten. Duerno huet hien als fräischafende Kënschtler geschafft.

1957 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]