Kierch Beetebuerg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Beetebuerg
D'Beetebuerger Kierch
Uertschaft Beetebuerg
Par Beetebuerg–Fréiseng
Numm / Patréiner Mariä Himmelfaart
Konsekratiounsjoer 1889
Architekt(en) Pierre Kemp
Kierchen - Kapellen
Chouer

D'Kierch vu Beetebuerg ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Beetebuerg–Fréiseng Saint-André an zu der Gemeng Beetebuerg gehéiert. Responsabel sinn de Paschtouer Edmond Ries an den Diakon Léon Weber vu Beetebuerg.

Si steet zentral an der Uertschaft un der Escher Strooss, der N13.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1887 gouf ugefaangen eng nei Kierch zu Beetebuerg ze bauen, dëst am post-romane Stil no de Pläng vum Pierre Kemp. Se huet ee Mëttel- an 2 Säiteschëffer, den Tuerm steet iwwer der Entréesdier. D'Konsekratioun war de 17. Oktober 1889.

Kierch vu bannen[änneren | Quelltext änneren]

1904 gouf de barocken Héichaltor duerch een aus Marber vum Jean-Pierre Koenig ersat (op dësem steet haut den Tabernakel). De Volleksaltor ass och aus Marber a staamt vum Charles Kohl. De Kräizwee vun 1963 huet den Émile Hulten skulptéiert. An den Endnische vun de Säiteschëffer sinn nach d'Wandmolereien aus der Ufankszäit erhalen. Um westleche Säitenaltor steet eng barock Assumpta Statu aus dem Joer 1722.

An der Kierch gëtt et eng Erënnerungskapell un d'Affer vum 2. Weltkrich mat Fënstere vum Gustave Zanter an eng Pietà.

Grafsteen[änneren | Quelltext änneren]

Des Weidere steet och nach e Renaissance Grafsteen aus dem 17. Joerhonnert an der Kierch, de sougenannte Monument Heinsberg-Lellich.

Fënsteren[änneren | Quelltext änneren]

Déi abstrakt Fënsteren am Chouer si vum Frantz Kinnen aus dem Joer 1970. Déi op de Säite goufen 1952 fäerdeggestallt a weisen déi 10 Titele vun der Muttergottes als Kinnigin. Se si vum Nicolas Brücher entworf ginn.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Duxall an Uergel

Déi éischt Uergel mat 21 Regëstere gouf 1890 vun de Bridder Müller vu Reifferscheid geliwwert.

D'Dekanatskierch krut 1959 eng nei Uergel aus der Manufaktur vum Uergelbauer Nik. Loewen vu Lëntgen. Déi nei Uergel hat eng elektresch Traktur a war sou opgebaut:

  • I Haaptwierk (15 Reg.)
  • II Positiv (9 Reg.)
  • III Schwellwierk (14 Reg.)
  • Pedal (11 Reg.)

D'Uergel gouf 1975 vum Uergelbaumeeschter Herbert Schmidt vu Miersch restauréiert. 1994 gouf d'Wierk vum Uergelbaumeeschter Ulrich Lohmann aus Münster a Westfalen renovéiert.

2010 gouf se vum Uergelbaumeeschter Thomas Gaida aus dem Saarland nees eng Kéier renovéiert. Bei där Geleeënheet huet d'Uergel en neie Spilldësch an eng 32'-Bombard kritt.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Tuerm vun der Kierch vu Beetebuerg hänken 3 grouss Klacken.

  • Déi grouss Klack (Toun Do) ass dem Christkinnek an der Mariakinnigin geweit. Se huet e Gewiicht vun 2.640 Kilo a gouf 1927 zu Saarbuerg an der Klackegéisserei Mabilon gegoss.
  • Déi Mëttelgrouss Klack (Toun Re) ass dem Christkinnek geweit. Se huet e Gewiicht vu 1.00 Kilo a gouf 1948 vun der Klackegéisserei H. Rüetschi vun Arau an der Schwäiz, gegoss.
  • Déi kleng Klack (Toun Mi) ass dem hellegen Niklos geweit. Se huet ee Gewiicht vun 1.100 Kilo a gouf 1948 vun der Klackegéisserei Rüetschi gegoss.

Dafkapell[änneren | Quelltext änneren]

An der Dafkapell vun 1934 steet en Dafstee vun 1622 mat engem aachteckege Fouss. De Mosaik vun engem onbekannte Kënschtler weist d'Daf vum Jesus am Jordan.

Kierchefënster
Dafkapell
Detail vun engem Altor

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Broschür 100 Joer Betebuerger Dekanatskierch (1989)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Beetebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien