Par Beetebuerg–Fréiseng Saint-André
Ausgesinn
D'Par Beetebuerg–Fréiseng Saint-André ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]
Se gehéiert zum Dekanat Süden-Ost an ersetzt déi 5 fréier Paren Uespelt, Beetebuerg, Fréiseng, Helleng an Hunchereng.
Léiweng, déi fréier Filial vun der Par Beetebuerg, gëtt ofgetrennt.
D'Par läit um Gebitt vun de Gemenge Beetebuerg a Fréiseng.
De Patréiner vun der Par ass den hellegen Andreas.
Zanter dem 1. Juli 2021 ass d'Kierch vu Beetebuerg d'Parkierch.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg