Esch 2022

Vu Wikipedia
Visuell vun „E22 “an der Uelzechtstrooss zu Esch

Esch-Uelzecht Europäesch Kulturhaaptstad 2022, kuerz Esch 2022 oder E22 ass den Titel, deen d'Stad Esch-Uelzecht am Kader vum Projet Europäesch Kulturhaaptstad den 10. November 2017 vum Europäesche Conseil krut. Mat um Projet bedeelegt sinn och déi aner Gemenge vum Syndikat PRO-SUD a vun der Communauté de Communes du Pays-Haut Val d'Alzette, déi Säit der franséischer Grenz.

Den 22. Februar 2022 huet de Programm vun Esch 2022 offiziell ugefaangen, an de 26. Februar war eng Ouvertures-Zeremonie.

Verwaltung[änneren | Quelltext änneren]

2016 gouf eng Asbl ënnert dem Numm Capitale Européenne de la Culture 2022 gegrënnt fir d'Veranstaltung „Europäesch Kulturhaaptstad 2022“ ze plangen an ëmzesetzen an ze kucken, datt Sue fir d'Ëmsetzung an d'Promotioun zur Verfügung stinn[1].

De Christian Mosar war vum 1. Dezember 2018 bis den 20. Mee 2020 artisteschen Direkter vun der Asbl, déi domat chargéiert ass, e Programm op d'Been ze stellen[2][3]. Hie gouf vun der Françoise Poos ofgeléist[4].

Generaldirektesch vun der Asbl ass d'Nancy Braun, President vum Verwaltungsrot ass den Escher Buergermeeschter Georges Mischo[4].

Konzept[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Remix-Ouverture um Belval, 26. Feb.

Oflaf[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Am Februar 2020 misst an der Chamber d'Finazéierungsgesetz ofgestëmmt ginn. Dat gesäit eleng fir Bauprojeten um Belval 35,33 Milliounen Euro vir: deen Deel vun der Mëllerei, deen nach am ursprénglechen Zoustand ass[5], soll als Digital space nei amenagéiert ginn, eng Bréck tëscht dëser Plaz an der Géisshal vum Héichuewen A soll gebaut ginn, an e Gebai fir d'Direktiouns-Ekipp vum Kulturjoer Esch 2022 nei gebaut ginn. Nieft der Renovatioun vum Gebai Massenoire an dem Fundament vum Héichuewen C gëtt och d'SKIP-Gebai vum Rond-Point Räemerech op de Site vun Esch-Belval geplënnert[6].

Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

Esch 2022 huet e Budget vu 54 Mio Euro. Dovu kommen der 40 vum Staat, 10,1 vun der Gemeng Esch, 1,5 vun der EU an 2,4 vu Sponsoren. D'Ekipp fir dat Ganzt op d'Been ze setze besteet aus 32 Leit, dobäi kommen iwwer 500 Benevoller. Et sinn am Ganzen 2000 Evenementer geplangt: 310 Performancen, 141 Concerten, 137 Ausstellungen an 360 Ateliere fir matzemaachen[7].

Aner Kulturstied[änneren | Quelltext änneren]

Parallel mat Esch hunn nach déi litauesch Stad Kaunas an déi serbesch Stad Novi Sad den Titel „Kulturhaaptstad 2022“.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Ouvertures-Zeremonie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Esch 2022 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. F10850 op lbr.lu, gekuckt de 27. Februar 2022
  2. Pressecommuniqué vun: CAPITALE EUROPENNE DE LA CULTURE 2022 ASBL vum 14. November 2018 op rtl.lu
  3. Christian Mosar verlässt Esch 2022. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe. wort.lu (20.05.2020). Gekuckt de(n) 27.02.2022.
  4. 4,0 4,1 Esch 2022 lève le voile. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe. wort.lu (28.01.2021). Gekuckt de(n) 27.02.2022.
  5. [Deen anere gouf als Luxembourg Learning Centre reamenagéiert.
  6. "35,33 Millioune fir "Esch 2022" virgesinn." rtl.lu, 29.01.2020 11:19.
  7. "Les chiffres-clés d'Esch 2022." Den Escher Nr.50, S.26.