Françoise Poos

Vu Wikipedia
Françoise Poos
Gebuer 8. Mäerz 1964
Esch-Uelzecht
Aktivitéit Journalist, Fotograf

D'Françoise Poos, gebuer den 8. Mäerz 1964 zu Esch-Uelzecht ass eng lëtzebuergesch Curatrice a Chercheuse am Beräich vun der Visueller Kultur[1].

Si huet zu Stroossbuerg modern Literatur studéiert, ausserdeem huet si en Diplom a Filmwëssenschaft. Hier berufflech Karriär huet se am November 1990 bei RTL Radio Lëtzebuerg ugefaangen. Am Juni 1992 huet se RTL verlooss a beim "Service des médias et de l'audiovisuel" vum Staatsministère ugefaange fir ee vun der EU kofinanzéierte Kontakt- a Berodungsservice ënner dem Numm "Media Desk" opzebauen[2]. Duerno war se Consultante fir d'Edward-Steichen-Ausstellung The Bitter Years a vun 2010 u fräiberufflech Curatrice a Chercheuse um Gebitt vun der visueller Kultur.

Vun Abrëll 2013 bis August 2017 war si Presidentin vum Verwaltungsrot vum Soziokulturelle Radio an ass zanter Juni 2019 Presidentin vum Verwaltungsrot vun Neimënster[3].

Studien[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. New board president for Neimënster op delano.lu den 18. Juli 2019
  2. "Françoise Poos" am d'Lëtzebuerger Land vum 12 Juni 1992
  3. Françoise Poos nei Presidentin vum Verwaltungsrot op rtl.lu den 20. Juli 2019