The Bitter Years 1935-1941

Vu Wikipedia
Migrant mother vun der Dorothea Lange.

The Bitter Years 1935-1941 ass eng Fotosausstellung, déi 1962 fir de New Yorker Museum of Modern Arts vum Edward Steichen zesummegestallt gi war. D'Fotoe si vun der Farm Security Administration hierkomm, a weisen déi "batter Joren", wou, als Folleg vun der Grousser Depressioun, e groussen Deel vun der amerikanescher Landbevëlkerung veraarmt waren.

D'Ausstellung besteet aus 208 schwaarz-wäiss Fotoen, déi vun enger Ekipp vun 12 Fotografen, dorënner d'Dorothea Lange, de Walker Evans, de Russel Lee, de Jack Delano an den Arthur Rothstein, fir d'Farm Security Administration (FSA) gemaach goufen. D'FSA war vum amerikanesche President Franklin D. Roosevelt an d'Liewe geruff gi fir de Baueren an Nout ze hëllefen.

7 Joer laang sinn dës Fotografen uechtert d'Vereenegt Staate gezunn an hunn d'Liewe vun de Leit an hirem Misär op hire Fotoe festgehalen. En ettlech vun de Fotoe waren och scho virun der Ausstellung weltwäit an der Press an a Bicher verbreet ginn. Hei an do ass hinne virgeworf ginn, si wiere Propaganda fir dee Programm vun der FSA, deen d'Landwirtschaft sollt erëm un d'Rulle bréngen.

D'Ausstellung "The Bitter Years 1935 - 1941" ass an den 1990er Jore restauréiert ginn, an 1995 zu Lëtzebuerg, duerno och a Japan an a Russland, ausgestallt ginn.

Se krut den 28. September 2012 un am fréiere Waassertuerm vun der Diddelenger Schmelz,[1] deen no senger Restauréierung Deel vun der Galerie Waassertuerm + Pomhouse ass, en definitiivt Doheem.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Françoise Poos, ed.: "The Bitter Years. The Farm Security Administration Photographs Through the eyes of Edward Steichen", Thames and Hudson), 2012.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Steichen-Expo am Diddelenger Waassertuerm vu September un." RTL.lu - 25.06.2012, 18:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.06.2012, 08:20.