Dorothea Lange

Vu Wikipedia
Dorothea Lange
Gebuertsnumm Dorothea Margaretta Nutzhorn
Gebuer 26. Mee 1895
Hoboken
Gestuerwen 11. Oktober 1965
San Francisco
Nationalitéit USA
Educatioun Columbia University
Aktivitéit Journalist, Fotoreporter, Fotograf, Kënschtler
Famill
Bestuet mat Maynard Dixon, Paul Schuster Taylor

D'Dorothea Lange, gebuer de 26. Mee 1895 zu Hoboken, New Jersey a gestuerwen den 11. Oktober 1965 zu San Francisco, Kalifornien, war eng US-amerikanesch Dokumentarfotografin. Si gëllt als Matgrënnerin vun der Dokumentarfotografie.

1913, mat 18 Joer, huet si, op Wonsch vun hirer Famill, fir Léierin geléiert. Niewelaanscht ass si hirem Haaptinteressi, der Fotografie nogaangen an huet eng Léier bei Portraitstudioen a befrënnte Fotografen, dorënner den Arnold Genthe an den Charles H. Davis, gemaach an och Course beim Clarence H. White op der Columbia University beluecht.

1917 huet se hir Ausbildung als Fotografin op der Universitéit ofgeschloss.

1919 huet se zu San Francisco e Studio fir Portraiten opgemaach, mat deem se séier Succès hat. 1920 huet se sech mam Moler Maynard Dixon bestuet.

An der Weltwirtschaftskris huet se d'Affer vun der Grousser Depressioun fotograféiert, wéi se fir Iessen oder fir eng Aarbecht d'File gemaach hunn, oder op der Strooss hu misse liewen.

Migrant Mother

Dorothea Lange
Migrant Mother, Nipomo, California, c. 1933
Collection of the Oakland Museum of California, Gift of Paul S. Taylor.

Si gouf vun der State Emergency Relief Administration (SERA) engagéiert, fir d'Situatioun an den Aarmut vu veraarmte Farm-Piechter an Doléiner um Land ze dokumentéieren.

1935 huet d'Dorotea Lange sech vum Maynard Dixon scheede gelooss an de Paul Schuster Taylor bestuet. Am selwechte Joer koum si bei d'State Relief Administration fir Fotoe vu Wanderaarbechter (Migrant Workers) ze maachen. Duerno huet se fir d'Resettlement Administration geschafft, déi spéider a Farm Security Administration (FSA) ëmbenannt gouf.

Am Mäerz 1936, huet se, ënnerwee fir d'FSA, hir wuel bekanntste Foto "Migrant Mother" gemaach, vun enger Fra mat hire Kanner, an engem Lager fir Doléiner, pea pickers ("Ierbessepléckerten") genannt.

1939 koum hiert éischt Buch eraus, An American Exodus. 1940 goufen hir Fotoen, dorënner d'Migrant Mother, am Museum of Modern Art (MoMA) zu New York ausgestallt.

1941 huet se fir d'Office of War Information (OWI) d'Zwangsëmsiidlung vun Amerikaner mat japaneschen Originnen an Internéierungslager dokumentéiert.

Zanter 1945 war d'Dorothea Lange ëmmer méi mat der Gesondheet geplot.

Hir Retrospektiv fir de MoMA am Januar 1966 konnt se net méi erliewen.

Fotoe vun hir sinn an de vum Edward Steichen zesummegestallte Kollektiounen The Family of Man an The Bitter Years 1935-1941 ze gesinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

op Däitsch[änneren | Quelltext änneren]

  • Evelyn Runge: John Steinbeck, Dorothea Lange und die Große Depression. Sozialkritik in Literatur und Fotografie. M-Press, München 2006, ISBN 3-89975-579-0.
  • Mark Durden: Dorothea Lange. Phaidon-Verlag, Berlin 2001, ISBN 0-7148-9194-0.
  • Dorothea Lange: Ein Leben für die Fotografie. Könemann, Köln 1998, ISBN 3-8290-1109-1.

op Englesch[änneren | Quelltext änneren]

  • Dorothea Lange and Paul Schuster Taylor: An American Exodus: A Record of Human Erosion. Reynal and Hitchcock, New York 1939; Revised edition, Yale University Press, New Haven 1969; Reprint: Arno Press, New York 1975, ISBN 2-85893-513-0.
  • Dorothea Lange: Dorothea Lange: Farm Security Administration Photographs, 1935-1939. The Text-Fiche Press, Glencoe, IL 1980, ISBN 0-89969-001-7.
  • Dorothea Lange: Dorothea Lange Looks at the American Country Woman. Amon Carter Museum, Fort Worth 1973, ISBN 0-378-08012-1.
  • Dorothea Lange: Dorothea Lange: Photographs of a Lifetime. Aperture, New York 1982, ISBN 0-89381-835-6.
  • Dorothea Lange: Dorothea Lange, Text by Jan Arrow. Macdonald, London 1985, ISBN 0-356-10853-8.
  • Dorothea Lange: Dorothea Lange's Ireland, Text by Gerry Mullins, essay by Daniel Dixon. Elliot & Clark, Washington, D. C. 1996, ISBN 1-880216-35-3
  • Dorothea Lange: The Photographs of Dorothea Lange. Hallmark Cards in association with H.N. Abrams, Kansas City, MO 1995, ISBN 0-8109-6315-9.
  • Dorothea Lange: The Human Face. NBC Éditions, Paris 1998, ISBN 88-7032-584-9.
  • Dorothea Lange and Margaretta K. Mitchell: To a Cabin. Grossman, New York 1973, ISBN 0-670-71627-8.
  • Dorothea Lange: Impounded: Dorothea Lange And the Censored Images of Japanese American Internment. W. W. Norton & Company, 2006, ISBN 0-393-06073-X.
  • Dorothea Lange: Dorothea Lange (Masters of Photography Series). Aperture, New York 1987, ISBN 0-89381-282-X.
  • Dorothea Lange: Restless Spirit: The Life and Work of Dorothea Lange. Penguin Books Australia Ltd, 2001, ISBN 0-14-230024-1.
  • Karin Becker Ohrn: Dorothea Lange and the Documentary Tradition. Louisiana State University Press, Baton Rouge 1980, ISBN 0-8071-0551-1.
  • Milton Meltzer: Dorothea Lange: A Photographer's Life. Syracuse University Press, New York 2000, ISBN 0-8156-0622-2.
  • Therese Thau Heyman: Celebrating a Collection: The Work of Dorothea Lange. Oakland Museum, Oakland 1978, ASIN: B000MBEK2Q.
  • Dorothea Lange: Dorothea Lange. Aperture, Millerton, New York 1981, The Aperture history of photography series, ISBN 0-89381-078-9.
  • Elizabeth Partridge: Introduction in Dorothea Lange: A Visual Life. Smithsonian Institution Press, Washington, D. C. 1994, ISBN 1-56098-350-7.
  • Sam Stourdzé, A. D. Coleman, Ralph Gibson, Pierre Borhan: Dorothea Lange: The Heart and Mind of a Photographer. A Bulfinch Press Book, Little, Brown and Company, Boston 2002, ISBN 0-8212-2791-2.

Film[änneren | Quelltext änneren]

  • Meg Partridge: Dorothea Lange: A Visual Life. Biography, 1994, 47 Minutten, (en).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dorothea Lange – Biller, Videoen oder Audiodateien