Monument de la déportation civile et militaire

Vu Wikipedia
Monument de la déportation civile et militaire
Lénks déi fréier Gare, riets de Monument de la déportation civile et militaire.
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Gare Hollerech
Koordinaten 49°35'43,4422"N, 6°7'16,3196"O
Ageweit 5. Oktober 1975
Material Schifer, Sandsteen
Kënschtler Lé Tanson
D'Plack um Monument, déi vum Lé Tanson signéiert ass.

De Monument de la déportation civile et militaire (och alt Mémorial de la déportation) ass e Monument zu Gaasperech an der Stad Lëtzebuerg. Et soll un d'Deportatiounen am Zweete Weltkrich ënner dem Naziregimm erënneren, déi vun der fréierer Hollerecher Gare ausgaange sinn.

D'Monument steet nieft dem Gebai vun der Gare. Et gouf no enger Maquette vum Lé Tanson, deen am Krich an der Resistenz zu Lëtzebuerg engagéiert war, ugeluecht. D'CFL huet den Terrain iwwerlooss. Finanzéiert gouf et mat Hëllef vun enger ëffentlecher Souscriptioun. D'Aweiung war de 5. Oktober 1975.

D'Monument[änneren | Quelltext änneren]

D'Monument besteet aus zwou Placken aus Maarteler Schifer an engem Block Iernzer Sandsteen, déi op engem Sockel stinn. Un der grousser Plack ass eng 85 kg schwéier gosse Plack befestegt, op där erënnert gëtt un:

  • déi 2906 Lëtzebuerger aus de Joergäng 1920-1927, déi am Krich gefall sinn, erschoss goufen, u Privatioune gestuerwe sinn, oder als vermësst agedroe goufen;
  • déi 65 Deportéiert déi am Exil ëmkoumen.

Um Sandstee gesäit een dräi Kräizer an dräi Davidsstären.

Eng niddreg Mauer, a Form vun engem Hallefkrees, trennt d'Monument vum Eisebunnsquai. Tëscht dem Monument an der Mauer stinn dräi Fändelsmaste mat zweemol dem Lëtzebuerger Fändel an an der Mëtt dem Europafändel. De Wee bei d'Monument ass aus Pawee.

D'Symbolik vum Monument[änneren | Quelltext änneren]

Nom Norbert Etringer, deen als President vum Hollerecher Interesseveräi bei der Realisatioun vum Monument matgeschafft huet, ass follgend Symbolik um Monument z'erkennen.

  • Déi dräi Fielsbléck erënneren un
    • d'Zwangsrekrutéiert an d'Deportéiert. Déi zwou Schiferplacke sti fir déi, déi d'Gléck haten an d'Heemecht zeréckzekommen. Déi kleng Plack weist drop hin, datt d'Zuel vun den Iwwerliewenden ënner den Deportéierte bestänneg ofhëlt. Den Iernzer Sandsteen erënnert un déi, déi net méi zeréckkoumen.
    • d'Géigenden aus dem Land: de Schifer steet fir d'Éislek, de Sandstee fir d'Guttland, déi rout Steng vun der Mauer hanner dem Monument kommen aus der Minettsgéigend, an d'Kiselwaken, an de Placken op der Mauer, aus dem Dall vun der Musel.
  • D'Paweesteng vum Wee bei d'Monument louche virun der Gare: iwwer si huet de Leidenswee vun den Affer ugefaangen.
  • Déi ëmmergréng Heck an der Verlängerung vun der Mauer op béide Säite vum Monument, weist drop hin, datt d'Affer vun den Deportéierten onvergiess bleift.

Wéi et zum Monument koum[änneren | Quelltext änneren]

D'Decisioun fir de Bau vum Monument geet op eng Resolutioun zeréck, déi den 11. Abrëll 1975 an der Generalversammlung vun der Stater Sektioun vun den Enrôlés de force geholl gouf. An der Resolutioun steet: … pour commémorer le calvaire de la jeunesse luxembourgeoise sous l'occupation nazie.

Et war virgesinn, d'Monument bei der Hollerecher Gare opzeriichten, well vun do aus d'Lëtzebuerger deportéiert oder ëmgesidelt goufen, an d'Wehrmacht oder an den Arbeitsdienst gezwonge goufen.

Zesumme mat der Entente vun de Veräiner vun Hollerech gouf e Comité d'organisation gegrënnt. President war de René Frascht, d'Sekretariat huet den André Frisch iwwerholl. Membere waren ë. a. de Lé Tanson, Resistenzler an artistesche Beroder, an den Norbert Etringer, President vum Hollerecher Interesseveräin.

De Lé Tanson huet d'Maquette entworf, no där d'Monument gebaut gouf. D'CFL huet den Terrain iwwerlooss. D'Firma Gelhausen vun Zéisseng huet d'Monument opgeriicht. Kascht huet dat Ganzt 200.000 Lëtzebuerger Frang (ronn 5000 Euro).

D'Aweiung vum 5. Oktober 1975[änneren | Quelltext änneren]

D'Aweiung vum Monument war de 5. Oktober 1975, en Datum tëscht der éischter Ëmsiidlung, am September 1942, an dem Depart vun den éischten Zwangsrekrutéierten, den 18. Oktober 1942.

Vun der rue d'Alsace aus ass e Cortège, mat un der Spëtzt dem Comité d'organisation, bis bei d'Monument gezunn.

Bei der Aweiung waren ë. a. present: den Haffmarschall Guy de Muyser, Vertrieder vum Staatsrot, d'Ministeren Émile Krieps a Jean Hamilius, de Staatssekretär Albert Berchem, den Éierestaatsminister Pierre Werner, d'Stater Buergermeeschtesch Colette Flesch an d'Schäffe René Konen a Camille Polfer. D'Festried gouf vum René Frascht, President vum Organisatiounscomité, gehalen.

D'Monument gouf geseent vum Mgr. Jean Bernard, Vertrieder vum Bëschof a fréiere KZler, dem Groussrabbiner Dr. Emmanuel Bulz an dem Gaston Westphal vun der protestantescher Communautéit. D'Feier gouf mam Spille vun der lëtzebuergescher Nationalhymn ofgeschloss.

Um Dag vun der Aweiung gouf d'rue de Sedan (d'Prënzenallee fir déi al Hollerecher), an där d'Monument an d'Gare leien, a rue de la Déportation ëmgenannt.

D'Davidsstären[änneren | Quelltext änneren]

Déi 3 Kräizer déi ursprénglech drop waren...
an déi 3 Davidsstären, déi bäikoumen.

Bei der Aweiung waren um Monument nëmmen déi dräi Kräizer ze gesinn. Duerno huet déi israelitesch Communautéit zu Lëtzebuerg gefrot, datt och un hir Krichsaffer op dësem Monument sollt erënnert ginn, dat a Form vum Davidsstär, dem Symbol vun Israel an dem Juddentum am Allgemengen.

D'Aweiung vun den Davidsstären, déi wéi d'Monument selwer, vum Lé Tanson sinn, war sonndes den 21. Februar 1976, a Presenz vu Vertrieder vun der Regierung, der Chamber, den Deportéierten a Zwangsrekrutéierten, de Resistenzler an den Hollerecher Veräiner.

Den Edmond Israel, President vum Consistoire israélite, huet d'Stären opgedeckt, d'Gebieder goufe vum Emmanuel Bulz, dem Bëschof Jean Hengen an dem Gaston Westphal virgedroen. Och déi Kéier gouf zum Schluss d'Nationalhymn gespillt.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Norbert Etringer, 1975. Errichtung eines "Monument de la Déportation" am Bahnhof von Hollerich. Luxemburger Wort, 22. August 1975.
  • Léon Blasen, 1985. Das «Monument de la Déportation civile et militaire» am Bahnhof Hollerich. Télécran 34 (24.-30.8.1985): 24-25. (D'Informatiounen heira baséieren op deenen aus dem Artikel vum N. Etringer am LW vum 22. August 1975).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Muséeën am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Capellen · Lancaster Memorial zu Wäiswampech
  • Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
  • Am noen Ausland:
Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Monument de la déportation civile et militaire – Biller, Videoen oder Audiodateien