Joseph Colabianchi

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Joseph Colabianchi
D'Hinzerter Kräiz, dat vum Jos Colabianchi geschaaft gouf.
Gebuer 9. Dezember 1905
Gestuerwen 24. Abrëll 1982
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schräiner

De Joseph Colabianchi, gebuer den 9. Dezember 1905 a gestuerwen de 24. Abrëll 1982, war e Lëtzebuerger Schräiner um Belair an der Stad Lëtzebuerg.

De Colabianchi war Prisonéier am KZ zu Hinzert an zu Mauthausen[1], huet den Holocaust awer iwwerlieft. Nom Krich huet hie mat hëlzen Dunnen aus dem KZ e Kräiz gezammert an et Enn 1945 zu Hinzert op där Plaz opgestallt, wou d'Lëtzebuerger Affer begruewe gi waren.

Den 8. Mäerz 1946 gouf dat sougenannt Hinzerter Kräiz um Nikloskierfecht iwwer de Griewer vun de lëtzebuergesche Krichsaffer, deenen hir stierflech Iwwerreschter heembruecht gi waren, opgestallt.

Gielercher[2][änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. COLABIANCHI JOS op ons-jongen-a-meedercher.lu, der Websäit vun der Enrôlés de Force
  2. D'Informatiounen iwwer d'Gielercher stame vu Familljemembere vum Joseph Colabianchi
  3. D'MEDAL OF FREEDOM fir dâper Letzeburger an der Unio'n vum 11. September 1946, S. 5
  4. Hohe amerikanische Auszeichnung am Luxemburger Wort vum 11. September 1946, S. 3