Médaille de la reconnaissance nationale

Vu Wikipedia

D'Médaille de la reconnaissance nationale ass eng lëtzebuergesch Auszeechnung fir besonnesch Verdéngschter am Zweete Weltkrich. Si ass u Persoune verdeelt ginn, déi verfollegte Lëtzebuerger gehollef a si virun den däitsche Besatzer beschützt hunn, an dobäi grouss Risiken op sech selwer opgeholl hunn.

D'Medail gouf mam Arrêté grand-ducal vum 24. Juni 1968 an d'Liewe geruff.

Form[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Auszeechnung handelt et sech ëm eng bronze Medail mat engem Duerchmiesser vun 39 Millimeter. Um Rekto stinn d'Joreszuelen 1940 an 1945 fir den Ufank an den Enn vum Zweete Weltkrich. Donieft sinn eng Rei weider Symboler ze gesinn:

  • de Krich (pickegen Drot),
  • d'Hëllef fir d'Resistenzler an d'Refractairen (zwou Hänn, déi sech schützend iwwer verfollegt Patrioten halen),
  • d'Strofen, déi d'Resistenzler hu misse fäerten: Exekutioun (Kräiz), d'Agespaart ginn (Prisongsstaangen), d'Deportatioun (Bréck fir d'Exil) an Confiscatioun vum Besëtz (gebrachenen Hausdaach).

Op der Récksäit steet Reconnaissance Nationale iwwer Grand-Duché de Luxembourg. Dat Ganzt ass vu fënnef Réng ëmginn.

D'Medail hänkt un engem hellgroe Band mat enger Sträif an den dräi Faarwe vum Lëtzebuerger Fändel: rout, wäiss a blo.

Verdeelung[änneren | Quelltext änneren]

D'Medail gëtt vum Groussherzog op Rapport vum Staatsminister verdeelt.[1]

Zu de Persounen, déi d'Medail kruten, zielen ënner anerem den Emile Maar, de François Goldschmit, de Fritz Rasqué an den Nicolas Thurm.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Distinctions honorifiques du Grand-Duché de Luxembourg (ISBN: 978-2-87999-161-0; Säit 14)