Emile Maar

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Emile Maar
Emilemaar1.jpg
Gebuer 7. Oktober 1916
Nidderkuer
Gestuerwen 23. September 1965
Nidderkäerjeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzler, Gäertner, Ënneroffizéier
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Emile Maar, gebuer de 7. Oktober 1916 zu Nidderkuer a gestuerwen den 23. September 1965 zu Käerjeng, war e geléierte Gäertner, spéider Sergeant an der 1re Armée Française a Leeder vun verschiddene lëtzebuergesche Resistenzzellen.

Uganks 1941 hat den Emile Maar, éischt Kontakter mat der PI-Men opgeholl, wou en direkt als Passeur an der Section Evasion gehollef huet, Flüchtlingen a Frankräich anzeschleisen. Bis Mäerz 1942 hat e vill geheim Grenziwwergäng erméiglecht. Spéider ass en a Kontakt gerode mat der L.R.L., wou en zimlech séier d'Organisatioun vun der geheimer Ënnergrondbewegung an der Géigend ëm Déifferdeng, Nidderkuer an Uewerkuer iwwerholl huet. Och zu Schëffleng an an Esch-Uelzecht huet den Emile Maar, zesumme mam Conrad Pauly, d'L.R.L.-Gruppen ausgebaut, a vun deem Zäitpunkt un de Poste vum Distriktschef vun der L.R.L. iwwerholl. Seng Haaptchargen hunn deemools virun allem an der Beschafung vu Geldmëttelen, Liewensmëttel- a Kleederkaarten an der Verdeelung vu patriotesche Fluchziedele bestanen.

Vum Juni bis August 1943 huet en am zum Deel besate Frankräich verbruecht, wou en och fir een Dag a Gefaangenschaft geroden ass. Wéi en erëm zu Lëtzebuerg war, huet e mat de Grenziwwergäng weidergemaach a ville bekannten Deserteuren a Frankräich polnesch Päss verschaaft, fir se sou virun enger weiderer Verfolgung ze schützen. Hie selwer huet sech während där Zäit misse verstoppt halen.

Wéi et ëmmer méi schwéier gouf d'Fluchtweeër z'organiséieren, huet misse gehandelt ginn. Den Emile Maar ass do op d'Iddi komm, de Refractairen ënner dem Buedem eng Stopp ze ginn, an zwar an der wäitleefeger Galerie Hondsbësch. Sou war den Emile den Initiator vum Nidderkuerer Hondsbësch-Bunker, an deem spéider iwwer 122 Refractairë verstoppt waren.

No der Befreiung vu Lëtzebuerg am Januar 1945 ass den Emile Maar als Fräiwëllegen an d'1re Armée Française gaangen, wou hien et bis zum Schluss vum Krich 1945 an de Rang vun engem Sergeant gepackt huet, dekoréiert mat der Croix de Guerre.

En ass am Alter vun 48 Joer 1965 gestuerwen.

Op sengem Begriefnes ware bekannt Leit, wéi ënner anerem den Alphonse Osch, de Lieutenant-Colonel Emile Krieps, an de Ferdinand Besch....

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]