Bunker Hondsbësch

Vu Wikipedia

De Bunker "Hondsbësch" zu Nidderkuer, an der Gemeng Déifferdeng, war eng vun de gréisste Refractairëstoppen an der Zäit vum Zweete Weltkrich. Do waren iwwer 122 Refractairë verstoppt.

Monument fir de Bunker Hondsbësch

D'Iddi an d'Verwierklechung[änneren | Quelltext änneren]

Wéi d'Resistenzler matkritt hunn, datt de 5. Februar 1944 eng Gestapo-Razzia zu Nidderkuer geplangt war, huet misse gehandelt ginn. Sou ass, op d'Initiativ vum Emile Maar[1] hin, de Plang Galerie verwierklecht ginn. Hei war d'Iddi, ee vun den ale Stollen, déi wéinst Baufällegkeet zougemaach gi waren, als Bunker ëmzefonctionéieren.

Zu där Zäit ass an deem Minièresystem daagsiwwer nach geschafft ginn. Absolut Virsiicht an total Geheimhaltung war dofir gebueden. De Stollen, an deem de Bunker ageriicht gouf, war u sech nëmmen en Niewenaarm vun der eigentlecher Minière. Den Zougank dofir gouf einfach nëmme mat zwee gekräizte Brieder verneelt. Déi hunn allerdéngs d'Minièresaarbechter net dru gehënnert, dee Stollen als Toilette ze benotzen, a sou koum et och emol vir, datt sech deen een oder aneren net nëmmen 10, mä och mol 30 Meter oder méi, eragewot huet. Dat huet en enorme Sécherheetsrisiko duergestallt.

Bunkerstruktur[änneren | Quelltext änneren]

Mat all Mount sinn zirka 20 Refractairen derbäikomm an op eng Kéier hat d'Organisatiounsteam, dat zu 11 war, Schwieregkeeten, d'Iwwersiicht iwwer déi Verstoppt ze behalen. Et gouf eng bal scho militäresch Hierarchie agefouert. Wéi jiddweree sech virstelle kann, geet et dacks net ouni Reegelen, scho guer net a sou geféierlechen Zäiten. Aus deem Grond goufen och Posten opgestallt, déi ënner anerem d'Entrée vum Stolle bewaache sollten. Do koum et och eng Kéier zu engem klengen Tëschefall.

D'Liewen am Bunker war net liicht, besonnesch net op sou engem enke Raum an a totaler Isolatioun vun der Baussewelt. Sou koum et déi eng oder aner Kéier zu Streidereien, déi et mat sech bruecht hunn, datt e "Geriicht", aus Memberen aus dem Organisatiounsteam, zesummegestallt gouf. An de meeschte Fäll ass et duergaangen, datt deejéinegen, deen aus der Roll gefall ass, virun de Komerode bloussgestallt a mam Grompereschieldéngscht bestrooft gouf; no enger Zäitchen huet och dee schwieregste Charakter sech zu engem teamfähege Komerod entwéckelt.

Agank vun der Stopp Hondsbësch

Logistesch Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Vun Ufank u sinn et Problemer ginn. Uganks hunn déi éischt Flüchtlingen op rengen Holzstécker geschlof, déi se aus vermuuschten Holzdunne gemaach hunn, no an no sinn dann Dëscher, Bänken a Brëtsche gezammert ginn.

Déi iwwer 120 Refractairen hunn awer och missen z'iesse kréien. Dofir gouf reegelméisseg eng kleng Trupp nuets an d'Duerf geschéckt. D'Organisatioun vun Iesswuere war och sécherlech eng vum Emile Maar senge gréisste Chargen. Als Distrikschef vun der L.R.L. hat hien do vill Kontakter, déi ënner anerem am Duerf Liewensmëttel gesammelt hunn, soudatt owes alles prett war, wann d'Trupp komm ass. De warscheinlech gréissten Deel un Iesswueren huet d'Famill Poupart an hirem Gaart prett geluecht, soudatt d'Trupp net huet missen an d'Duerf goen. Nieft der Iesswuerebeschafung huet déi Nidderkuerer Famill sech och ëm d'Wäsch vun de Refractairë gekëmmert.

D'Liewen am Bunker[änneren | Quelltext änneren]

Ëm déi 150 Meter méi wäit hunn d'Minièresaarbechter an zwou Schichte vu 6 Auer mueres bis 10 Auer owes geschafft. Sou ass den Dag zur Nuecht ginn. Déi meescht Leit hu geschlof, nëmmen Aarbechten, déi onbedéngt hu misse gemaach ginn, konnte gemaach ginn, wéi zum Beispill Grompere schielen. Verschidde Waachposte waren op de wichtegste Plazen opgestallt. An der Nuecht hunn d'Flüchtlingen hire Beschäftegunge konnte nogoen. Et gouf mat de Kaarte gespillt, verschiddener hunn een Tagebuch gefouert, anerer hu gelies. Mat der Zäit gouf souguer eng kleng Bibliothéik zesummegesammelt.

Erënnerung[änneren | Quelltext änneren]

1991 gouf de Bunker Hondsbësch op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl an als Nationalmonument klasséiert.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nicolas Kremer: Aus Dunkler Zeit (1993) S. 192
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).