La vague

Vu Wikipedia
La vague
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Ettelbréck
Plaz Centre hospitalier neuro-psychiatrique
Material Marber
Kënschtler Lucien Wercollier
D'Skulptur huet d'Form vun enger Waasserwell.
Déi kleng Vague virum Centre Hospitalier

La vague ass den Numm vun enger monumentaler Skulptur am Marber vum Lucien Wercollier, déi zu Ettelbréck nieft engem vun de Gebaier vum neuropsychiatresche Spidol steet.

D'Skulptur, déi vun der Strooss Lëtzebuerg-Ettelbréck (avenue des Alliés) aus ze gesinn ass, steet riets vum Wee dee bei d'Gebai vum Atelier artistique vum Centre féiert.

D'Skulptur[änneren | Quelltext änneren]

D'Skulptur, déi, wéi den Numm et seet, un eng Well erënnert, ass 1968 entstanen. Et gëtt se an zwou Versiounen:

  • eng kleng Versioun, déi 1968 virun der Kannerklinick an der Stad Lëtzebuerg opgestallt gouf. Wéinst dem Chantier vum Ausbau vun der Klinick gouf s'ewechgeholl a spéider ronn 200 m méi wéit ewech virum Stater Centre hospitalier nei opgestallt. D'Skulptur ass op der Récksäit mat "L. Wercollier 1968" signéiert.
  • eng grouss, 4,60 m laang Versioun, déi 1970 virum deemolegen Hôpital neuro-psychiatrique de l'Etat (haut Centre hospitalier neuro-psychiatrique) opgestallt gouf. Si ass aus dräi Stécker poléiertem Carrara-Marber zesumme gesat. De Kënschtler huet se net signéiert.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]