Seibecken
Ausgesinn
Eng Seibecken ass eng Schossel aus emailléiertem Blech, Aluminium, Stol oder Plastik déi ënnen e Sift huet.
Seibecke ginn an der Kiche gebraucht fir Liewensmëttel ofdrëpsen ze loossen a fir Gromperen, Nuddelen oder Geméis ofzeschëdden.
E Synonym am Lëtzebuergeschen ass Seibar. Regional gi vu Variante benotzt: Seibeggel, Seibeggen a Seibeck.
Speziell Seibecke sinn déi méi grouss Seischosselen, déi gebraucht goufe fir d'Mëllech ze seien an deenen hiren Hals an d'Mëllechkan gepasst huet. Dobäi gouf Mëllech duerch e rengt Duch, d'Siffduch lafe geloss, oder och méi spéit an de 60er Joren, spezielle Filterpabeier. Dacks gouf um Haff fir dat Geschier och einfach nëmme Sei gesot.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Colanders – Biller, Videoen oder Audiodateien |