Op den Inhalt sprangen

Nuddel

Vu Wikipedia
Nuddelszorten op engem Florenzer Maart
Nuddelen aus Lëtzebuerg

Nuddele sinn Deegwueren aus gedréchentem Mieldeeg, deen net opgaangen ass; mat oder ouni Eeër oder soss Zousätz (Ueleg, püréiert Tomaten oder Spinat,...), a Form vu méi oder manner breede Bänner, Zylinderen, Réier oder dovun ofgeleete Formen, an déi gekacht ginn, fir se z'iessen.

Deemno gehéieren a contrario Deegwueren déi sech net dréchne loossen (Ravioli, etc.) gradewéi déi aus anerem Deeg (Gnocchi, etc.) definitiv net dozou.

D'Wuert Nuddel kënnt vu Kniddel an ass domat en Deel vum grousse Stamm vu lëtzebuergesche Wierder, déi mam Ufankslaut kn- eng Verdéckung ausdrécken (Knuet, Knapp, Knujel, etc.).

Et fënnt sech erëm am Däitschen als Nudel (zanter 1550), am Engleschen als noodle (zanter 1779), an am Franséischen als éischt als noudle oder nudeln (1765) an duerno als nouilles (zanter 1767).

Déi wuel meescht Nuddelvariante gëtt et an der italieenescher Kichen.

Nuddelen ënnerscheede sech haaptsächlech duerch hir Form a manner duerch hir Bestanddeeler. Et ass d'Form déi d'Haapteegeschafte festleet, wéi d'Kachzäit, d'Kapazitéit fir Zooss opzehuelen, an d'Facilitéit mat där ee se iesse kann.

Bild Typ Beschreiwung Iwwersetzung
Spaghetti dënn Stief kleng Schnéier
Vermicelli ganz dënn Stief kleng Wierm
Bild Typ Beschreiwung Iwwersetzung
nothumb Fettuccine Band vun ongeféier 6 - 8 mm Breet kleng Bänner
Lasagne ganz breet Deegplacken Den Numm kënnt vum Dëppen an deem den Deeg gebak gouf
Linguine laang ellipsefërmeg bal wéi Spaghetti kleng Zongen
Tagliatelle méi e breet Band wéi d'Fettuccine bis 10 mm kleng Geschniddener

Huel Nuddelen

[änneren | Quelltext änneren]
Bild Typ Beschreiwung Iwwersetzung
Bucatini huel Spaghetti kleng Lächer
Macaroni gebéit kleng Tüben
Penne mëttelgrouss Tüben, mat den Enner diagonal ofgeschnidden wuertwiertlech "Plommen", well se den Enner vun de Gänseplomme gläichen
Rigatoni grouss längelzeg geriffelt Tüben, riicht ofgeschnidden gerillt

Kleng Nuddelen

[änneren | Quelltext änneren]
Bild Typ Beschreiwung Iwwersetzung
Farfalle a Form vun enger Méck oder engem Päiperlek Päiperlek
Fusilli Spiralen Gewierer
Orecchiette a Form vu klengen Oueren kleng Oueren
Strozzapreti onreegelméisseg gerullt Paschtouerwierger
Bild Typ Beschreiwung Iwwersetzung
Buschtawen a Form vu Buschtawe vum Alphabet
 Commons: Nuddelen – Biller, Videoen oder Audiodateien