Kachen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kachen am allgemenge Sënn. Fir d'Zäitschrëft mat deem Numm, kuckt wgl. Kachen (Zäitschrëft).
Kachen op engem Gas

Kachen ass en allgemenge Begrëff fir de Prozess vun der Preparatioun vum Iessen fir et ze konsuméieren, bei deem een Hëtzt gebraucht. D'Kachtechniken an d'Bestanddeeler variéiere vu Regioun zu Regioun a spigelen dacks d'ecologesch, sozial, wirtschaftlech a kulturell Ëmgéigend erëm. Eng vun de geleefegsten Hëtztquellen op der Welt ass d'Feier. D'elektresch Energie gëtt awer ëmmer méi benotzt.

De Mënsch ass dat eenzegt Liewewiesen op der Welt, dat säin Iesse kacht, a Wëssenschaftler sinn der Meenung, d'Opkomme vum Kachen hätt eng wichteg Roll an der Evolutioun vum Mënsch gespillt.[1]

Streng geholl gëtt nëmme vu Kache geschwat wann Iesse mat engem héije Flëssegkeetsgehalt oder a Waasser oder engem Bouillon preparéiert gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kachen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://news.nationalgeographic.com/news/2009/02/090213-human-diet-cooking.html