Teller

Vu Wikipedia
Telleren

En Teller ass e flaacht, meeschtens ronnt Iessgeschier, op deem d'Iessen an individuelle Portiounen zerwéiert gëtt, fir giess ze ginn.

Tellere si gewéinlech aus Keramik oder Parzeläin, se kënnen awer och aus Glas, Konschtstoff, Zënn, méi seelen aus Holz oder Steen sinn.

Tellere gëtt et a verschiddene Gréissten, fir déi verschidde Plate vun engem Menü: Entréesteller, Zoppenteller, Teller fir den Haaptplat, Dessertsteller,...

Méi seele ginn Telleren och als Dekoratioun un d'Mauer gehaangen; an deem Fall schwätzt ee vun engem Wandteller.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Telleren – Biller, Videoen oder Audiodateien