Joseph Wurth

Vu Wikipedia
Joseph Wurth
Gebuer 3. November 1861
Lëtzebuerg
Gestuerwen 12. Dezember 1946
Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot
Famill
Papp Léon Wurth
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Joseph Wurth (Würth) alias Joseph Würth-Weiler, gebuer den 3. November 1861 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 12. Dezember 1946, war e lëtzebuergesche Jurist.[1]

De Joseph Wurth, dee seng Carrière als Affekot ugefaangen hat, war ënner anerem President vun der Société en commandite Paul Wurth respektiv der Société des anciens établissements Paul Wurth & Cie, Direkter vun der Banque internationale à Luxembourg (BIL), Administrateur vun enger ganzer Rei vu Gesellschaften, Member vun der Chambre de commerce, etc.

Vun 1910 bis 1919 war hie  Konsul  vum Keeserräich Éisträich-Ungarn.

De Joseph Wurth war Grënnungsmember vum Touring Club luxembourgeois (T.C.L.), deen den 20. Dezember 1896 am Restaurant Lentz an der Stad gegrënnt ginn ass,[2] an Nofollger vum Auguste Liger als President vum Veräin.[3]

Zesummen mam Ernest Arendt an dem Auguste Liger huet hien den 3. an de 4. Band vun der Lëtzebuerger Pasicrisie publizéiert.[4]

De Joseph Wurth war am éischte Bestietnes mat der Louise Weiler (1863-1915) bestuet. Seng zweet Fra war d'Guita Clerico (1889-1948), déi hien 1921 bestuet huet. Hie war de Brudder vum Paul Wurth.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mersch 1967, S. 337-346.
    Kuck och: Industrie.lu. Joseph Wurth-Weiler, Luxembourg.
  2. Vierzigjähriges Jubiläum des Luxemburger «Touring Club ». Luxemburger Wort 1936-12-24, Nr. 359/360, S. 4.[1].
  3. Vierzigjähriges Jubiläum des Luxemburger «Touring Club ». Fin du discours de M. André Wolff, administrateur-délégué du «Touring Club Luxembourgeois ». Luxemburger Wort 1936-12-26, Nr. 361/362, S. 5.[2]
  4. Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 1: A-L, S. 743.
  5. Memorial N°41 vun 1912 op der Säit 441