Auguste Liger

Vu Wikipedia
Auguste Liger
Gebuer 21. Oktober 1851
Lëtzebuerg
Gestuerwen 29. Juli 1905
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot

Den Auguste (August) Liger, gebuer den 21. Oktober 1851 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 29. Juli 1905, war e lëtzebuergeschen Affekot[1].

Den August Liger war Grënnungsmember an éischte President vum Touring Club luxembourgeois (T.C.L.), deen den 20. Dezember 1896 am Restaurant Lentz an der Stad gegrënnt ginn ass[2].

Zesumme mam Ernest Arendt an dem Joseph Würth-Weiler huet hien den 3. an de 4. Band vun der Lëtzebuerger Pasicrisie publizéiert.

Donieft huet hien e puer kleng Bäiträg am Bulletin vum Touring Club luxembourgeois publizéiert, dorënner den Artikel Les Ardennes luxembourgeoises (1897)[3]. Am Wort gouf säi Gedicht Ma patrie ofgedréckt[4].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten: biographische Notizen. P. Faber, Grevenmacher, S. 50.
    Bürger- und Beamten-Zeitung 1905-08-01, Nr. 87, S. 3 (Sterbefall).[1]
  2. Vierzigjähriges Jubiläum des Luxemburger „Touring Club”. Luxemburger Wort 1936-12-24, Nr. 359/360, S. 4.[2].
    Vierzigjähriges Jubiläum des Luxemburger „Touring Club”. Fin du discours de M. André Wolff, administrateur- délégué du „Touring Club Luxembourgeois”. Luxemburger Wort 1936-12-26, Nr. 361/362, S. 5.[3]
    Kuck och: Tourismusindustrie.
  3. Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 1: A-L, S. 743.
  4. Luxemburger Wort 1869-01-29, Nr. 25, S. 1.