Bürger- und Beamten-Zeitung

Vu Wikipedia
Bürger- und Beamten-Zeitung
En-tête
Typ Lokalzeitung
Periodizitéit 3 Woch
Sprooch Däitsch
Éischt Ausgab 28. Dezember 1898
Lescht Ausgab 28. Dezember 1916
Land Lëtzebuerg
Editeur Jean Gusenburger
Dréckerei Bourg-Bourger


Bürger- und Beamten-Zeitung war den Numm vun enger däitschsproocheger Zeitung zu Lëtzebuerg, déi tëscht dem 28. Dezember 1898 an dem 28. Dezember 1916 dräimol d'Woch (dënschdes, donneschdes a samschdes) erauskoum. Den Ënnertitel war Lokal-Anzeiger für Hollerich, Bahnhofviertel u. Umgegend. Editeur war de Jean Gusenburger, gedréckt gouf se bei Bourg-Bourger.

Hiert Zilpublikum war souwuel geographesch (déi deemools nach eegestänneg Gemenge am Süde vun der Stad Lëtzebuerg) wéi soziologesch (cf. Titel) agegrenzt. Et war déi éischt Lokalzeitung zu Lëtzebuerg.

De 5. Januar 1909 gouf se a Luxemburger Bürger-Zeitung ëmbenannt. Och den Ënnertitel gouf 1899 an Organ für die Interessen aller Stände des Landes geännert, a spéiderhin an Organ für Hollerich-Bonneweg, Bahnhof und Umgegend. Vun 1908 bis 1914 gouf et eemol d'Woch als Supplément d'Unterhaltungsblatt der "Bürger- und Beamten-Zeitung".[1]

D'Bürger- und Beamten-Zeitung war vun der Tendenz hier liberaldemokratesch. Si huet, wéi scho virdrun d'Luxemburger kleine Presse, dogéint ugeschriwwen, datt Hollerech a Bouneweg mat der Stad Lëtzebuerg sollte fusionéieren. Och Aarbechterwunnengen, Kreditkeesen, Steiererméissegungen, d'Ausbreede vum Walrecht an d'Opbessere vun de Léin a Pensiounen am ëffentlechen Déngscht hunn zu hiren Uleiesse gehéiert.[2]

Si gouf duerch d'Zeitung Die Volkstribüne (1916-1919) ofgeléist.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bibliographesch Notitz op bibnet.lu.
  2. Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg 1704-2004. S.157.