Théodore de Wacquant

Vu Wikipedia
Théodore de Wacquant
Gebuer 21. Abrëll 1815
Féiz
Gestuerwen 14. Dezember 1896
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Universitéit vu Léck
Aktivitéit Politiker, Dokter


Den Théodore Willibrord de Wacquant, gebuer den 22. Juli 1815 zu Féiz (um Féizer Schlass) a gestuerwen de 14. Dezember 1896 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Deputéierten an Dokter zu Féiz[1].

Studien[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem en am Mäerz 1835 säi Studium am Kolléisch ofgeschloss hat, huet en 2 Joer op der Universitéit vu Léck a vun 1837 un op der Universitéit vu Bréissel studéiert wou en 1839 säin Diplom als Dokter vun der Medezin mat grousser Auszeechnung kritt huet. Nodeem e kuerz Zäit als Dokter zu Monnerech geschafft hat, huet en zu Léck weider studéiert fir Dokter an der Chirurgie ze ginn. Am August 1842 huet en zu Lëtzebuerg säin Doktorat an der Gebuertshëllef bestanen an de 7. Februar 1843 ass en zum Kantonaldokter vun Esch ernannt ginn.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hien hat vun 1843 bis 1866 eng Dokterpraxis zu Féiz.

Vun 1860 u war e Vizepresident a vun 1864 u bis zu sengem Doud President vun der Ackerbaugesellschaft.

Am Summer 1895 huet e seng gëllen Hochzäit gefeiert.

Hin ass de 14. Dezember 1896 um 7:00 un enger stënterlecher Longekrankheet gestuerwen.

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

1848 gouf en an de Gemengerot vu Monnerech gewielt an deem e bis zu sengem Doud bliwwen ass. E war an der Zäit bis 1860 och zweemol Buergermeeschter vu Monnerech.

Vum 17. Oktober 1854 bis de 27. November 1856 a vum 24. Juni 1872 bis zu sengem Doud 1896 war en Deputéierte vum Kanton Esch an der Chamber. Vum 17. Juni 1890 un huet hien de verstuerwenen Emmanuel Servais als President vun der Chamber ersat, wat e bis zu sengem Doud bliwwen ass.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

  • Eng Strooss zu Féiz: rue Théodore de Wacquant (PLZ: 3899) déi parallel zur A4 leeft
  • Eng Strooss zu Esch-Uelzecht: rue Théodore de Wacquant (PLZ: 4345) am Quartier Lalleng, déi vum Boulevard Aloyse Meyer fortgeet an als Sakgaass ophält.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de lëtzebuergesche RegierungsmemberenTransportministerenJustizministerenKommunikatiounsministerenChamberpresidentenDeputéiert an der ChamberDeputéiert am EuropaparlementLëtzebuergesch Membere vun der Europäescher KommissiounBuergermeeschterenADRCSVDéi GréngDéi LénkDPKPLLSAPPIDPiratepartei


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lokalneiegkeeten am Luxemburger Wort vum 14.Dezember 1896
  2. Memorial A N°46 vum 25 Juli 1896 mat der Lëscht vun de Leit déi 1896 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-10-30.