Banque Raiffeisen

Vu Wikipedia
Banque Raiffeisen
Typ Société coopérative
Slogan 4, rue Léon Laval
L-3372 Leideleng
Grënnungsdatum 9. Februar 1926[1]
Sëtz 4, rue Léon Laval
L-3372 Leideleng
Lëtzebuerg
Mataarbechter 639
Branche Finanzsecteur
Homepage www.raiffeisen.lu

D'Banque Raiffeisen, op Lëtzebuergesch Raiffeisekeess oder Raiffeisebank genannt, ass eng lëtzebuergesch Bank, déi 1926 no de Prinzipie vum Friedrich Wilhelm Raiffeisen gegrënnt gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Lëtzebuerger Baueren hu sech am 19. Joerhonnert zesummegedoen, fir besser kënnen zesummenzeschaffen a méi kompetitiv ze sinn. Déi éischt Genossenschaft (Kooperativ) ass den 3. Januar 1875 zu Wäiswampech gegrënnt ginn[2]. No an no ass sou gutt wéi jiddereen, deen zu Lëtzebuerg an der Landwirtschaft an am Wäibau aktiv war, enger Genossenschaft bäigetrueden[2].

Dës Gesellschaften hu Sue gebraucht, fir kënnen z'investéieren, awer d'kommerziell Banken hu sech net fir de landwirtschaftleche Secteur intresséiert. Dofir huet de Joseph-Robert Lenné, nodeems hien iwwer dem Friedrich Wilhelm Raiffeisen seng Iddie gelies hat, schonn 1868 ervirgehuewen, datt et néideg wier e Spuer- a Kreditinstitut ze grënnen, dat e genossenschaftleche Charakter hätt. Seng Iddi ass awer eréischt 1925 mat der Grënnung vun den éischte Raiffeisekeesen ëmgesat ginn[2].

Den 9. Februar 1926 hu siwe lokal Raiffeisekeesen dunn d'Raiffeisenzentrale des Grossherzogtums Luxemburg[1] (déi haiteg Bank) mat engem Kapital vun nëmmen 90 Frang gegrënnt[3]. De Raiffeisemodell huet sech séier entwéckelt a verbreet, an 1970 goufen et schonn 138 Raiffeisekeesen am ganze Groussherzogtum.

Mat der Zäit goufen d'Zerwisser an d'Clientèle erweidert. 1982 huet d'Raiffeisenzentrale sech a Caisse Centrale Raiffeisen ëmbenannt an zënter dem 14. Juni 2001 heescht se Banque Raiffeisen[1].

Zanter 2016 besteet e Partenariat tëscht der Banque Raiffeisen an de Finanzoperatioune vun der Post, dem sougenannte Postscheck-Service.

2019 hat d'Raiffeisebank 666 Employéen a war domat de 54-gréissten Employeur am Land an op der 10. Plaz am Personal-Ranking vun de Banken zu Lëtzebuerg[1].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Rapport annuel 2015, S. 35
  2. 2,0 2,1 2,2 International Raiffeisen Union: Banque Raiffeisen: Les origines du mouvement coopérativ au Grand-Duché de de Luxembourg (gekuckt den 11. Juni 2016)
  3. Paperjam (online): La Caisse Centrale Raiffeisen devient la Banque Raiffeisen (9. Abrëll 2001)