Diskussioun:Banque Raiffeisen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Les Meloures, hal op mat denge faschistesche Methoden, deng Iddien duerchzesetzen. Raiffeisekeess "ass bei Wäitem de gängesten Numm". Ech war haut de Moien an der Agence an hunn do emol nogefrot, an do krut ech bestätegt, wat ech souwisou scho geschriwwen hunn, an zwar datt just "déi eeler Generatiounen" [sic] nach Raiffeisekeess soen. Wanns du et net gleefs, da géi selwer eng Kéier froen. Ech huelen un, am LM senger klenger Welt vu Pensionären gëtt och nach vun der Arbed geschwat an de Präis vum Croissant a Frange gerechent. Ech setzen d'Versioun elo erëm op déi hei zréck, ouni Prioritisatioun, well den LM einfach Onrecht huet. "Einfach mol Googgelen da läit de Beweis op der Hand" --> ausser datt dat näischt bréngt, well et am Ausland nach aner Raiffeisebanke ginn, an ee bei "Raiffeisekeess" dann op lauter Säite kënnt mat Busarrêten, déi historesch bedéngt esou heeschen. --Bdx (Diskussioun) 11:41, 28. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]

Beim googgele fënnt een net nëmme Busarrêten, du hues warscheinlech schlecht gekuckt.
z.B an der Press: 23 avr. 2014 - Zwee Attentater am nämmlechte Style haten et 10 Deeg virdru ginn, och op d'Raiffeisekeess, um Bridel. (De Reporter wäert ee vun der eelerer Generatioun sinn, wat dat och ëmmer heesche soll)
Op der Websäit vun engem Veräin:Yoga ass 130 € (Yoga plus aaner Couren 190 €). Eise Kont bei der Raiffeisekeess ....(Do si bestëmmt lauter aler am Kommitee déi de Krich nach matgemaach hunn an net mat Zäit weidergaange sinn. Ech si frou datt déi mat 75 Joer nach sou aktiv am Yoga sinn)
op engem Politiker senger Säit: Employé auprès de la Raiffeisekeess (deen huet sech bestëmmt a sengem Gebuertsdatum geiert)
an engem Gemengeblat: Musekssall, der Gemeng an der Raiffeisekeess e puer Stroosse fir de Verkéier gespaart... (de Sekretär vun der Gemeng huet och bestëmmt de Krich matgemaach an ass schonn 10 Joer an der Pensioun)
Op engem Blog vun engem vun der sougenannter jonker Generatioun: Duerfir kréie mir awer lo vun der Raiffeisekeess aus e schwaarze Bancomat op de Fussballsterrain....
an engem Gemengeblat: die in einer nächsten Sitzung auch den Gemeinderäten zur Einsicht vorgelegt werden können. Darin enthalten ist auch das Projekt „Raiffeisekeess“. (Komesch souguer an däitschen Texter)
nach e Gemengeblat: a ronderëm d'Haus mat der aaler Raiffeisekeess nei ze amenagéieren...(Normal déi ass al an huet bestëmmt de Krich matgemaach)
Dogéint hunn ech nëmmen zweemol Raiffeisebank a lëtzebuergeschen Texter fonnt

--Les Meloures (Diskussioun) 12:09, 28. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]


PS: 2016 hat d'Raiffeisebank 610 Employéeën. Bass de sécher datt nëmme Fraen do schaffen??? --Les Meloures (Diskussioun) 12:23, 28. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]


Typesch LM, Behaaptunge stellen ouni d'Quellen ze posten. Well ech net esou sinn, hei e puer Quellen déi net vun der Amiperas stamen:

Wanns du gären en Edit-War häss, da maach esou weider, well dee kriss du. Et steet Ausso géint Ausso (mat Quellen), du hues net méi Recht ewéi ech --Bdx (Diskussioun) 14:42, 28. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]

Gutt nogesicht all Respekt. Lo wësse mer just nach net op lauter Fraen do schaffen, an och net firwat datt ech faschistesch soll sinn an och net firwat datts de an denge Kommentare bläers? --Les Meloures (Diskussioun) 14:51, 28. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]
  1. Déi Äntwert wäers de kennen.
  2. Et huet ni ee gesot, du wäers faschistesch, et geet vu faschistesche Methode riets.
  3. Ech hunn néierens gebläert. Wann ech blären, DA GËTT GROUSSGESCHRIWWEN AN DA GESÄIT DAT ESOU AUS.
--Bdx (Diskussioun) 14:58, 28. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]
Da sinn ech blann, ech hat geduecht dat hei wier Groussschrëft: SPEKULATIOUNEN, DAT ASS VLÄIT ESOU BEI DEENE GENERATIOUNEN DEI DE KRICH NACH MATERLIEFT HUNN AN NET MAT DER ZÄIT MAT GINN.
  1. Déi Äntwert wäers de kennen. Ech huelen dann mol un datt et net lauter Frae sinn a wells du dat net verbessers da ginn ech alt maachen, well du hues der jo warscheinlech net d'Fro grestallt firwat ech dat froen ? --Les Meloures (Diskussioun) 15:09, 28. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]