Autobunn A4 (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Escher Autobunn)
LU-A4.svg
A4 - Escher Autobunn
Luxembourg A4.png
Längt: 16,3 km
Zeechen Pk. Verdeeler
Zeichen 215 - Kreisverkehr, StVO 2000.svg Lëtzebuerg (Stad)-Hollerech
AB-Kreuz-blau.svg 2,3 A6 Zéissenger Kräiz
AB-AS-blau.svg 1 4,5 Leideleng-Nord
AB-AS-blau.svg 2 7,1 Leideleng-Süd
AB-Rast.svgAB-Tank.svgZeichen 314-50 - Parkplatz, StVO 2013.svg 7,9 Aire de Pontpierre (↓)
AB-Rast.svgAB-Tank.svgZeichen 314-50 - Parkplatz, StVO 2013.svg 8,7 Aire de Pontpierre (↑)
AB-AS-blau.svg 3 10,1 Steebrécken
AB-AS-blau.svg 4 12,1 Féiz
AB-AS-blau.svg 12,5 A13 Uschloss Esch
AB-AS-blau.svg 5 13,5 Esch-Uelzecht-Lalleng
AB-AS-blau.svg 14,8 A13 Uschloss Lankëlz
Iwwergang 16,3 Liaison Micheville (B40)

D'Autobunn A4, och nach Escher Autobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Esch-Uelzecht. Se geet vun Hollerech an der Stad Lëtzebuerg no Süde bis op Esch-Uelzecht, wou s'am Quartier Rämerech, op der Héicht vum fréiere Schlakentipp, an d'Liaison Micheville (B40) iwwergeet.

Et gëtt 5 Autobunnsausfaarten/Opfaarten, 1 Autobunnnskräiz, 2 Jonctiounen an a béid Richtungen, jee eng Bensinnsstatioun mat Plaz fir ze raschten. Den Tracée vun der A4 leeft méi oder manner parallel zu der N4. Et sinn och Deeler vun der N4 duerch d'Autobunn ersat ginn, dofir ass d'N4 net méi duerchgängeg vu Lëtzebuerg bis Esch-Uelzecht.

Um Zéissenger Kräiz kräizt d'A4 sech mat der A6 a geet da laanscht Leideleng, Steebrécken a Féiz. Direkt duerno gëtt et en Uschloss un d'A13 (Collectrice du Sud): virun der Sortie op Esch-Lalleng a Richtung Diddeleng, dohanner, bei der Jonctioun Lankëlz, a Richtung Péiteng.

D'Autobunn A4 gouf tëscht 1969 an 1976 a Betrib geholl: Fir d'éischt den Tronçon Féiz-Esch, 1972 dann d'Ëmfuerung vu Leideleng, 1974 d'Deelstéck Leideleng-Märel an zum Schluss d'Streck tëscht Leideleng a Steebrécken. 1988, resp. 1992 gouf se ëm dat Stéck tëscht Esch-Lalleng an Esch-Rämerech verlängert.

D'A4 huet eng Längt vu 16,3 km.

Den 29. Mee 2023 gouf d'Verlängerung Richtung Frankräich, déi sougenannt Liaison Micheville (B40) a Betrib geholl, déi, ënner Esch-Belval erduerch, déi Säit der franséischer Grenz als d'N52 virugeet, a geduecht ass, den Duerchgangsverkéier vun de Frontaliere méiglechst aus den Uertschaften Esch-Uelzecht, Villerupt an Däitsch-Oth erauszehalen.[1]

2014 goufe Pläng presentéiert, no deene se vun 2015 u méi breet gemaach sollt ginn an eng Spuer fir den ëffentlechen Transport bäikomme sollt.[2] Bis Mëtt 2023 war nach näischt dovun ze gesinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: A4 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'A4 tëscht Féiz an Esch-Uelzecht (2015)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Relation entre Esch/Alzette et Micheville: Le projet autoroutier." Site vun der Administration des Ponts et Chaussées, 7.10.2009.
  2. "Ausbau vun der A3 a vun der A4." (Video op rtl.lu, Leschten Update: 11.11.2014, 07:04:54.