Hans Arp

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jean Arp)
Hans Arp
Pseudonym Arp, Hans Peter Wilhelm, Arp, Hans Jean
Gebuer 16. September 1886
Stroossbuerg
Gestuerwen 7. Juni 1966
Basel
Nationalitéit Frankräich, Däitschland
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Dichter, Schrëftsteller, Designer, Fotograf, Bijousdesigner, Zeechner
Member vun Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung

Den Hans oder Jean Arp, gebuer de 16. September 1886 zu Stroossbuerg als Hans Peter Wilhelm Arp, a gestuerwen de 7. Juni 1966 zu Basel, war en däitsch-franséische Moler, Graphiker, Sculpteur a Lyriker.

Hie gëllt an den Arts plastiques an an der Literatur als ee vun de beditendste Representante vum Dadaismus a vum Surrealismus. Hie war Member vun der Grupp Abstraction-Création.

1915 huet hien eng éischte Kéier seng abstrakt Wierker zu Zürich ausgestallt. 1916 huet hie mam Hugo Ball, der Emmy Hennings, dem Marcel Janco an dem Richard Huelsenbeck den Dadaismus gegrënnt. 1919 ass hien op Köln geplënnert wou en de Max Ernst an de Johannes Theodor Baargeld kennegeléiert huet a mat hinnen den Kölner Dadaismus an d'Liewe geruff an déi marxistesch Zäitschrëft Der Ventilator erausginn huet. 1920 war den Arp op der Éischter Internationaler Dada-Messe zu Berlin mat derbei an huet Die Wolkenpumpe erausginn.

1922 huet hie sech mat der Sophie Taeuber bestuet. Si hunn eenzel an zesumme vill Wierker geschaf. 1923 huet hie bei enger Kollektivausstellung vun de Surrealiste matgemaach a vun 1925 un do en Atelier ageriicht. 1926 sinn d'Arpen op Stroossbuerg geplënnert. 1940 hunn d'Nationalsozialisten seng Wierker zue entartete Kunst ofgestempelt. Den Arp a seng Fra goungen op Grasse, an 1942 an d'Schwäiz, wou d'Sophie Taeuber-Arp 1943 gestuerwen ass. De Jean Arp huet dono mam Georg Schmidt eng Monografie iwwer hiert Wierk erausbruecht. Zanter 1949 hat hien ëmmer méi Succès mat senge plastesche Wierker an den USA.

Hien huet fir d'Harvard University, d'Universidad Central de Venezuela an de Sëtz vun der UNESCO zu Paräis Monumumentalplastike geschaf. 1954 krut en op der Biennale vu Venedeg den Internationale Präis fir Skulptur. 1958 huet de Museum of Modern Art zu New York eng grouss Retrospektiv iwwer hien organiséiert. Hien huet op der documenta 1 1955, der documenta II 1959 an der documenta III 1964 zu Kassel matgemaach.

1959 huet hie sech mat der Marguerite Hagenbach bestuet.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Lyresch Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Wolkenpumpe. Die Silbergäule. Hannover 1920.
  • Der Pyramidenrock. Erlenbach-Zürich 1924.
  • Gedichte: Weisst du schwarzt du. Fünf Klebebilder von Max Ernst. Pra, Zürich 1930.
  • Konfiguration. Poésie & Co. Paris 1930.
  • Sinnende Flammen. Zürich 1961.
  • Logbuch des Traumkapitäns. Zürich 1965.
  • L'Ange et la Rose. Forqualquier 1965.

Kollektioun

  • Gesammelte Gedichte 1903–39. 3 Bände. In Zusammenarbeit mit dem Autor herausgegeben von Marguerite Arp-Hagenbach und Peter Schifferli. Arche, Zürich 1963.

Soss Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Hans Arp, El Lissitzky: Die Kunstismen. Rentsch, Erlenbach-Zürich 1925. Reprint Müller, Baden 1990, ISBN 3-906700-28-3.
  • Neue französische Malerei. Einf. von L. H. Neitzel. Leipzig 1931.
  • Unsern täglichen Traum. Erinnerungen, Dichtungen und Betrachtungen aus den Jahren 1914–1954. Zürich 1955.
  • Jours effeuillés. Poèmes, essais, souvenirs 1920–1965. Preface de Marcel Jean. Paris 1966.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Richard Albrecht: „weisst du schwarzt du“ – Hans Arp, 1886–1966. Zu Leben und Werk. 2006 (online).
  • Carola Giedion-Welcker: Hans Arp. Hatje, Stuttgart 1957.
  • Arie Hartog: Hans Arp: Skulpturen. Eine Bestandsaufnahme. Hatje Cantz Verlag, Ostfildern 2012, ISBN 978-3-7757-3320-5.
  • Rudolf Suter: Hans Arp. Weltbild und Kunstauffassung im Spätwerk. Peter Lang, Bern 2007, ISBN 978-3-03911-428-3.
  • Rudolf Suter: Hans Arp. Das Lob der Unvernunft. Eine Biografie. Mit Fotografien von Ernst Scheidegger. Scheidegger & Spiess, Zürich 2016, ISBN 978-3-85881-502-6
  • Hubert van den Berg: Avantgarde und Anarchismus. Dada in Zürich und Berlin. Winter, Heidelberg 1999, ISBN 3-8253-0852-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hans Arp – Biller, Videoen oder Audiodateien