L'envol (Lucien Wercollier)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Statu "L'envol" vum Lucien Wercollier. Fir aner Staute mat deem Numm, kuckt wgl. L'envol.
L'envol
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Parc Tony-Neuman
Koordinaten 49°37'13,472"N, 6°6'34,024"O
Héicht 1,80 m
Material Marber
Kënschtler Lucien Wercollier
Bauhär Tony Neuman
D'Skulptur erënnert un eng Rakéit.

L'envol, och nach La fusée genannt, ass eng monumental Skulptur am Marber vum Lucien Wercollier, déi am Parc Tony-Neuman um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg steet.

D'Skulptur steet op enger am Krees amenagéierter Plaz, mat dräi Bänken, am südwestlechen Eck vum Park, nieft der Begrenzungsmauer, laanscht e Pad deen an de Rollengergronn erof féiert.

D'Plaz am Park fënnt een, wann ee vun der Zär vum Park aus iwwer de Wee laanscht d'Mauer vum Park, ënner enger Rei vu metalle Béi erduerch, a Richtung Rollengergronn geet.

Lénks vum Wee ass eng aner Skulptur, am Steen, vum Wercollier ze gesinn: L'éternel féminin.

D'Skulptur[änneren | Quelltext änneren]

Wéi hir béid Nimm et soen, huet d'Skulptur d'Form vun enger Rakéit. Si ass an den 1960er Joren, zur Zäit vun der Eruewerung vum Weltraum, entstanen.

L'envol huet de Kënschtler an zwou Versioune sculptéiert:

  • eng monumental Versioun, am Marber, 180 Zentimeter grouss, aus dem Joer 1967. Si gouf vum Tony Neuman ugeschaaft an am Park bei senger Villa opgestallt. D'Skulptur gouf net vum Kënschtler signéiert.
  • eng kleng Versioun, am Onyx, aus dem Joer 1980. Si ass 44 Zentimeter grouss.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Aner Skulpture vum Lucien Wercollier an der Stad Lëtzebuerg: