Lann op der Giischterklaus

Vu Wikipedia
Déi bemierkenswäert Lann op der Giischterklaus. Lénks d'Kapell vun der Klaus. Riets: d'Klaus.
Hannen um Bild, de Kierfecht an d'Kapell vun der Giischterklaus.

Déi bemierkenswäert Lann op der Giischterklaus steet lénks nieft dem Wee dee bei Kapell vun der Uertschaft erop féiert. Et ass net gewosst ob et eng Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlann (Tilia cordata) ass. Wéinst hirem héijen Alter, deen awer net genee bekannt ass, a virun allem och wéinst der Plaz wou se steet gëtt si zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gezielt.

Ënner der Lann huet d'Gemeng en Dësch mat zwou Bänken an eng eenzel Bänk installéiert.

Den Ëmfank vum Stamm, op Broschthéicht gemooss, huet follgendermoossen zougeholl:

  • 1980: 1,90 m;
  • Ëm 2000: 3,14 m, bei enger Gréisst vu 15 m.

Domat ass dëse Bam, deen 1981 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem gesat gouf, déi 33. déckste Lann zu Lëtzebuerg.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Tabell S. 241. Keng Foto an och keng Beschreiwung heiran).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. Tabell S. 104, keng Beschreiwung a keng Foto heiran).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]