Lann zu Baastenduerf
Dës Lann (Tilia sp.; tilleul; Linde), déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert, steet zu Baastenduerf virun der Märei an der Kierch, op der Plaz déi no hir benannt ass: Bäi der Lann.
De geneeën Alter vun der Lann ass net bekannt. Si huet d'Ardennenoffensiv iwwerlieft, déi am Duerf selwer schwéier Schied ervirgeruff hat.
Am ausgehielegte Stamm kann een neigebilte Wurzelen (racines adventives) erkennen, en Zeechen, datt déi eigentlech Wuerzelen hir Funktioun net méi eleng erfëlle kënnen.
Schonn ufanks der 1970er Joren huet de Bam geschwächelt. Sou schreift de Carlo Hemmer (1974):
Mir bangt um die alte Linde am Dorfplatz der Kirche gegenüber. Sie grünt lustlos, treibt nur spärliche Knospen. Zu knauserig hat man ihr das Erdreich bemessen, zu eng den Panzer des Asphalts um den Stamm gezogen. Man sollte hier nach dem Rechten sehen, bevor es zu spät ist, bevor der Platz durch das Sterben des mächtigen, ehrwürdigen Baumes Schönheit und Stimmung verliert.
Kuerz virun 2002 gouf d'Kroun vun der Lann staark zeréckgeschnidden, wuerno se sech erëm verjéngt huet.
Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Héicht 19 m; Duerchmiesser: 1,26 m (op Broschthéicht).
Dëse Bam steet net op der Lëscht vun de Monuments nationaux.
Quellen[änneren | Quelltext änneren]
- Hemmer, Carlo, 1974. Besinnlich-kritisches Luxemburger Wanderbuch. Dréckerei Bourg-Bourger, Lëtzebuerg, 224 S. (Cf. Zitat S. 16).
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (D'Lann zu Baastenduerf fënnt een op de Säiten 122 an 123, Text a Foto).