Lann zu Hueschtert (Nidderaanwen)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Lann zu Hueschtert. Lénks déi fréier Entrée vum Kierfecht (Juni 2008).
D'Lann virun der Kierfechtmauer. D'Kierch vun Hueschtert ass am Hannergrond ze gesinn.

D'Lann zu Hueschtert steet an der rue Andethana, nieft dem alen Agank vum Kierfecht (deen haitegen Agank läit ronn 50 m erof an der Strooss). Si gehéiert wéinst hirem Alter an hirer imposanter Gréisst zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Et ass net gewosst op dëse Bam eng Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlann (Tilia cordata) ass, an och hire geneeën Alter ass net bekannt.

D'Lann steet zum Deel um Trottoire an an der Strooss. Hir Kroun ass onsymmetresch entwéckelt: zur Säit vum Kierfecht hi ginn d'Äscht breet auserneen; zur Strooss hi goufen d'Äscht staark zréckgeschnidden; och gouf hire Wuesstum duerch d'Bamkrounen aus dem Bësch op där anerer Stroossesäit behënnert.

De 25. Juni 2008 ass bei engem stuermaartegen Donnerwieder en Haaptaascht ofgebrach an an d'Strooss gefall.

Den Ëmfank vum Stamm, op Broschthéicht gemooss, huet sech folgendermoossen entwéckelt:

  • 1958: 3,36 m;
  • 1980: 3,62 m;
  • ëm 2000: 3,51 m (Duerchmiesser: 1,12 m) bei enger Gréisst vun 28 m.

De Bam hätt also a ronn 20 Joer un Déckt ofgeholl, wat onwahrscheinlech ass.

Zanter 1962 gouf et keng verëffentlecht Foto a keng Beschreiwung vun dësem Bam.

Geographesch Koordinaten: 49° 39’ 19.17’’ N 06° 13’ 58.52’’ O

Interessantes[änneren | Quelltext änneren]

  • 1962 schreift de Paul Modert iwwer dës Lann: schlanker, hoher Baum; armdicke Wurzeln bis in die benachbarte, 6 m entfernte Jauchegrube eingedrungen und dort abgehauen.
  • Ronn 15 Meter vun dëser Lann ewech, nieft dem deemoolgen Agank vum Kierfecht, stoung fréier eng aner gewalteg Lann, mat engem Stammëmfank, 1958 op Broschthéicht gemooss, vu 6,35 m. Si war deemools, no der Wëller Lann vu Kënzeg, déi zweetdéckste Lann zu Lëtzebuerg (Paul Modert 1962, S. 11, Foto S.12, hei ënne reproduzéiert). De 14. Dezember 1974 ass si auserneegebrach an ass doropshin ewech geholl ginn. (Schumacher 1984).
  • Zu deenen zwou Lanne schreift de Jean-Nicolas Moes am Joer 1883 (Moes 1883):
In einem Aufsatze über die Pfarrei Hostert (Publ. XI, S. 83) lese ich. "Am Eingange des Gottesackers bemerkt man zwei mächtige Linden, eine uralte und eine, die etwa 80 Jahre gestanden haben mag. Die Volkssage gibt der größeren ein Alter von 700 Jahren; ihr mächtiger Stamm, ihre weiten Aeste und ausgedehnten Wurzeln berechtigen zu dieser Annahme."
Kommentar: dee wierklechen Alter vun der déckster vun dëse Lanne louch wahrscheinlech bei maximal 500 Joer.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. Tabell S. 101. Och an dësem Buch: keen Text a keng Foto vun dësem Bam).
  • Modert, Paul, 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Éditeur a vun der Dréckerei. (Cf. Tabell S. 16, Bild 9 S. 12).
  • Moes, Jean-Nicolas, 1883. Fragekasten: Merkwürdige Bäume in unserem Lande. Das Luxemburger Land, fascicule 39 - page 542.
  • Schumacher, Joseph, 1984. Die Gerichtslinde. In: Niederanven I. Beiträge zur Geschichte einer großen Gemeinde. S. 74. Erausgi vun der Gemengeverwaltung Nidderaanwen [ouni Indikatioun vum Publikatiounsjoer]. Dréckerei Fr. Faber, Miersch. [S. 73: e lëtzebuergescht Gedicht vum selwechten Auteur iwwer Déi al Lann].
  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Lëscht S. 240; keen Text an och keng Foto vun dësem Bam heiran).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lann zu Hueschtert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]