Lann zu Pëtscht

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Pëtschter Lann mat hirer gewalteger Kroun, déi riets bis un de Rand vum Bild reecht.
E gewaltege Stamm.
Aus dem Duerf erof gesinn. De Wee riets ass eng Sakgaass déi 50 m méi wäit bei e Baurenhaff féiert.

D'Lann zu Pëtscht steet an der rue de l'Eglise, am südlechen Ausgank vum Duerf.

Wéinst hirem imposanten Ausgesinn an och hirem Alter gehéiert si zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg an ass och op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument klasséiert.

Hire gewaltege Stamm, dee bal komplett ausgehielecht ass, dréit zwéin Haaptäscht. Den Usaz vun engem fréieren drëtten Haaptaascht ass nach ze gesinn. Den Ëmfank vum Stammm, op Broschthéicht gemooss, huet sech folgendermoossen entwéckelt:

  • 1958: 6,43 m
  • ëm 2002: 6,87 m, bei enger Gréisst vun 18 m.

D'Kroun vun der Lann gouf e puermol staark zréckgeschnidden, soudatt si eng sougenannt Kapplann gouf.

De geneeën Alter vum Bam ass net bekannt, däerft awer 500 Joer erreechen. Domat ass dëse Bam, no der Wëller Lann zu Kënzeg, déi zweetdéckste Lann zu Lëtzebuerg.

Aus de Quelle geet net ervir ob et eng Wanter- oder Summerlann ass.

Interessantes[änneren | Quelltext änneren]

  • 1962 schreift de Paul Modert (op Däitsch, hei iwwersat):

D'Lann ass komplett ausgehielecht. De Stamm steet op senger Récksäit op enger Breet vu 90 cm op, a bannenan hu sechs Erwuessener nieftenee Plaz. De Stamm besteet nëmme méi aus enger bis 20 cm décker Schuel, déi op enger Plaz duerch Kugelaschëss duerchlächert ass.

An der Ardennenoffensiv, déi grousse Schued am Duerf hannerlooss huet, gouf och d'Lann beschiedegt: hir Kroun gouf duerch Kugelen a Granaten zerrappt. Duerno ass si erëm kräfteg ausgeschloen.
Bis kuerz viru 1962 gouf et um Fouss vun der Lann e Pëtz, deen, wéi d'Waasserleitung geluecht gouf, zougeschott gouf. Vläicht sinn d'Wuerzele vun der Lann bis an de fréiere Pëtz era gewuess, fir sech mat Waasser ze versuergen.

  • Am Bauerenhaff ënner der Lann, op der anerer Säit vum Wee, ass geplangt, en oppenen therapeutheschen Zentrum fir Jugendlecher mat psychesche Gesondheetsproblemer anzeriichten (Stand Oktober 2008). Den Zentrum soll 2010 seng Dieren opmaachen.[1]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 126-127, Text an 2 Fotoen).
  • Paul Modert, 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Éditeur a vun der Dréckerei. (Cf. S. 18 fir d'Lann zu Pëtscht, Text a Foto).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Déi dräi déckste Lannen zu Lëtzebuerg:
Wëll Lann vu Kënzeg
Lann zu Pëtscht
Lann zu Suessem

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

D'Pëtschter Lann am spéide Fréijoer. (Abrëll 2008)
De Stamm ass no Süden hin zou.
Deen ausgehielte Stamm vun der Terrasse vum Nopeschhaus aus gesinn.
D'Lann vun uewen erof aus dem Duerf gesinn.
D'Lann ëm 1935 (aus Modert 1962).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort, 18. Oktober 2008, S. 42.