Wëll Lann vu Kënzeg







D'Wëll Lann vu Kënzeg ass eng Wanterlann (Tilia cordata), där hiren Alter op ronn 500 Joer geschat gëtt, woumat si ee vun deenen eelste Beem zu Lëtzebuerg ass.
Si steet zu Kënzeg nieft der Maximäin-Kapell aus dem Joer 1732, net wäit vun der aler Gare vun der Atertlinn ewech.
Den Ëmfank vum Bam, op Broschthéicht gemooss, huet follgendermoossen zougeholl:
- 1907: 5,90 m
- 1958: 6,65 m
- 1980: 6,83 m, bei engem Duerchmiesser vun der Kroun vun 23 m
- ëm 2000: 6,93 m bei enger Gréisst vun 23 m.
Domat war (ass) dëse Bam déi déckst Lann zu Lëtzebuerg.
Bei engem schroen Donnerwieder mat vill Wand a Knëppelsteng ass nomëttes de 25. Juni 2006 géint véier Auer deen déckste vun deenen zwéin Haaptäscht ewechgebrach.
Duerno gouf de Rescht vum Bam zeréckgeschnidden, soudatt nëmme méi de Stamm an en Deel vun deem aneren Haaptaascht iwwereg bliwwe sinn.
2007 si ronderëm aus dem Bamstomp Rudde gewuess, wouvun eng um Enn vum Joer Aarmdéckt erreecht huet. Am Summer 2008 ass d'Lann bal komplett mat engem Mantel vu grénge Blieder bedeckt. D'Wëll Lann lieft also weider.
D'Wëll Lann, ee vun den imposantsten an eelste Beem zu Lëtzebuerg, stoung (steet) net um Inventaire vun de nationale Monumenter.
Interessantes[änneren | Quelltext änneren]
De Paul Modert (1962, S. 10-11) schreift:
- 1908 ass ee vun deenen dräi Haaptäscht, deen op senger Basis 3,14 m déck war, ewechgebrach an huet d'Hiel am Stamm fräigeluecht. Dësen Aascht huet virdru bis bei de Café Rauen-Pallien op der anerer Stroossesäit gereecht. Den Aascht huet 4 ½ Kouerten Holz an eng ganz Rëtsch Fäsche geliwwert.
- Dorophin (1908) gouf d'Hiel mat Gestengs vu Grass gefëllt[1], driwwer koum eng Schicht Leem mat Maschendrot. Ënne gouf de Stamm mat Stolebänner gefestegt. Ëm 1938 goufen och nach uewen um Stamm Bänner ugeluecht.
- Am Laf vun de Joren huet d'Schuel vum Bam d'Ëffnung iwwerwuess an 1958 si just nach zwee kleng Lächer op der SW-Säit iwwereg bliwwen.
- 1958 ass d'Kroun vum Bam mat stole Staange verankert ginn. Déi ënnescht Stolebänner, déi 1908 ugeluecht goufen, sinn déif an d'Holz agewuess. 1976 goufen déi stole Staangen duerch stole Seeler ersat, fir datt d'Kroun sech besser ausbalancéiere konnt, an déi stole Bänner an den Äscht goufen duerch Tirfongen ersat.
- A gudde Wäijoren, wéi 1921, 1933, 1937, 1947, 1949 a 1953 war d'Kroun iwwer an iwwer mat Bléie bedeckt. An anere waarme Joren huet nëmmen d'Spëtzt vun der Kroun geblitt.
- An de leschte Jore virun 1958 ass d'Kroun net méi sou dicht wéi fréier an d'Bléie bleiwe kleng. De P. Modert freet sech op dëst mam Alter vum Bam ze dinn huet.
D'Seeche vum Maximäin[änneren | Quelltext änneren]
Enger Seechen no haten d'Awunner vu Kënzeg refuséiert, dem hl. Maximäin, Bëschof vun Tréier, e Päerd ze léine wéi hien duerch d'Duerf gezunn ass.
Gläich drop ass eng schlëmm Krankheet ënner de Päerd am Duerf ausgebrach. D'Awunner hunn hire Feeler erkannt a sinn dem hellege Mann nogelaf fir hien ëmzestëmmen. Hien huet hinne verzien an huet de Päerd Lannentéi ze saufe ginn, wourop d'Déiere geheelt goufen.
Ier hien d'Duerf erëm verlooss huet, huet den hellege Mann eng Lann geplanzt an d'Awunner gebiede sech drëm ze këmmeren. Spéider gouf dunn nieft der Lann eng Kapell zu sengen Éiere gebaut, an all Joer op Päischten huet eng Pressioun dohi gefouert.
D'Kapell gouf 1977 restauréiert.
Quellen[änneren | Quelltext änneren]
- J.-M. Sinner et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 100-101, Foto an Text).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 78-79, Text an 2 Fotoen).
- Paul Modert, 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Éditeur a vun der Dréckerei. (Cf. S. 10).
- Nicolas Gredt, 1883. Sagenschatz des Luxemburger Landes. Editioun 1963, neibeaarbecht an erausgi vun der sproochwëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal. Dréckerei Kremer-Müller & Cie, Esch/Uelzecht, 589 S. (Cf. 475: hei eng liicht aner Versioun vun der St.-Maximäin-Seechen).
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Déi dräi déckste Lannen zu Lëtzebuerg:
- Wëll Lann vu Kënzeg
- Lann zu Pëtschent
- Lann zu Suessem
Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Wëll Lann vu Kënzeg – Biller, Videoen oder Audiodateien |