Bléi

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schematesch Duerstellung vun enger Bléi mat perigyner Bléihëll (mëttelstännege Fruuchtknuet):
1. Bléiebuedem (Receptaculum)
2. Kielechblieder (Sepalen)
3. Krounblieder (Petalen)
4. Stëbsblieder (Stamina)
5. Dillemännchen (Pistill)

D'Bléi vun enger Planz ass - an enger wäit gefaasster Definitioun - en onveräschtelte kuerze Still mat begrenztem Wuesstem, deem seng Blieder indirekt oder direkt am Déngscht vun der sexueller Reproduktioun stinn: indirekt als Schutz- oder Lackelorgan (Bléihëll), direkt duerch d'Bilde vu Reproduktiounsorganer (Stëbsblieder a Fruuchtblieder).

Diagramm vun enger zeideger Bléi
Schema vun enger Grieserbléi