Lann zu Klengbetten

Vu Wikipedia
D'Lann zu Klengbetten an der Kolerstrooss, Richtung Koler gekuckt (Juni 2008).
D'Lann steet tëscht de Wunnhaiser

D'Lann zu Klengbetten steet uewen an der Kolerstrooss (rue de Kahler) op privatem Terrain tëscht zwee Wunnhaiser. Wéinst hirer imposanter Erscheinung gehéiert si zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Et ass net gewosst op dëse Bam eng Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlann (Tilia cordata) ass, an och hire geneeën Alter ass net bekannt.

Ëm 2000 gouf e Stammëmfank op Broschthéicht vun 2,82 m, bei enger Gréisst vun 19 m, gemooss.

Vun dësem Bam, deen 2002 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gesat gouf, gëtt et bis haut (2011) keng op Pabeier verëffentlecht Beschreiwung a Foto.

Geographesch Koordinaten: 49° 38’ 22.27’’ N 05° 54’ 58.58’’ O

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Lëscht S. 241; keen Text an och keng Foto vun dësem Bam heiran).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Déi dräi déckste Lannen zu Lëtzebuerg:
Wëll Lann vu Kënzeg
Lann zu Pëtschent
Lann zu Suessem