Diskussioun:Pläitreng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Pläitreng?[Quelltext änneren]

Moien,

Just fir mäi useless knowledge ze erweideren: wees ee wou dat Pläitreng hier kënnt? Um Geoportail, wat jo eigentlech de Kadaster ass, steet Pleitréng a mat sichen "Pläitreng" kennt do just den Haff als "beim Pläitréngerhaff (Contern)" eraus. Um Schëld steet "Pleitréngerhaff", mä d'Schëlter huele mir jo net als Referenz. Merci! --Jwh (Diskussioun) 00:43, 5. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

Dann hunn ech och nach deen "coordonnees-LUREF-lieux-habites.xls" - wees net méi wou ech dat opgedriwwen hat, mä 't schéngt och vum Kadaster ze sinn well meng Versioun ass vum Paul Mootz, Januar 2010 - do ass et och Pleitréng. --Jwh (Diskussioun) 00:52, 5. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

Moien,
Ech hunn dem J.Braun säi Bichelchen am Laf vun der Zäit versoff, mä ech ginn mol dervun aus datt den Numm vun do kënnt. Op der anerer Säit ass et eng logesch Suite vu (bal) all den däitschen ei déi am Lëtzebuergeschen en äi ginn, wéi bei Wäin, Wäicherdang, mäin, däin, säin, Päif, Säit, asw. asw.... --Les Meloures (Diskussioun) 08:22, 5. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]
Merci, lo kënnt et mir och nees zréck datt ech scho sou ëppes hat: den "Overrule" vum Josy Braun iwwer de Kadaster ;-)
Vläit sollt Schabloun:Kadaster Nimm dann an deem Sënn erweidert ginn? Da kommen ech och net ëmmer mat deen nämlechte Saachen --Jwh (Diskussioun) 23:00, 5. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]
Ass gemach, mä am Fong war déi Schabloun och net wéinst der Schreifweis geduecht , mä fir ze soen wat mer als Uertschaften a wat als Häff a Lieu-diten opféieren, onohängeg vun der Schreifweis. --Les Meloures (Diskussioun) 08:50, 6. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]