Prisong vu Schraasseg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Prisong vu Schraasseg
De Prisong vu Schraasseg ëm 1992
Land Lëtzebuerg
Gemeng Schëtter
Koordinaten 49° 36’ 36.5’’ N 06° 14’ 36.5’’ O
Datum vum Bau 15. Mee 1984
Opgaangen 15. Mee 1984

De Prisong vu Schraasseg, offiziell Centre pénitentiaire de Luxembourg, ass de Prisong vu Lëtzebuerg an ënnersteet dem Justizministère.

E läit um Kuelebierg an der Gemeng Schëtter, ronn ee Kilometer westlech vum Zentrum vu Schraasseg ewech. Den Accès fir dohinner geet vun der N28 tëscht Sandweiler an Éiter aus.

De 15. Mee 1984 sinn déi 228 Prisonéier aus dem Prisong am Gronn (deen zougemaach gouf) an dee Schraasseger geplënnert.

3 Joer dono war d'Gebai schonns iwwerbeluecht. En zweet Gebai gouf gebaut[Wéini ?], ma och dat war geschwë chronesch iwwerëllt.[1]

Den 19. Juni 2014 gouf an der Chamber e Gesetz gestëmmt[2], an der Gemeng Suessem, um Lieu-dit Uerschterhaff, e weidere Prisong ze bauen, fir déi Leit, déi an Untersuchungshaft sinn.[3]. Dëse gouf am November 2022 a Betrib geholl.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Prisong Uerschterhaff.

Just ier de Suessemer Prisong a Betrib geholl gouf, ware 670 Leit zu Schraasseg inhaftéiert. Am Juli 2023 waren et der nach 334. De Prisong huet ewell eng Capacitéit vu 400 Plaze fir Männer a 50 fir Fraen.[1]

De Prisong zu Schraasseg besteet aus 10 Haftbléck, fir 70 bis maximal 85 Prisonéier. All Block besteet aus enger Dosen Zellen, engem Raum mat enger klenger Kichen an engem Wäschraum mat 6 Duschen. Tëscht 12 an 17 Auer, a vun 18 bis 21 Auer, sinn d'Zellendieren am Prinzip op. Fir all Block sinn 3-4 Giichtecher do. Déi Gefaangen hunn Usproch op bis zu 10 Stonne Besuch am Mount; och 'Sex-Besich' (woufir et speziell Raim gëtt) sinn 2 Stonnen am Mount méiglech.[1]

De Fraentrakt ass am ale Gebai. Do waren am Juli 2023 32 Fraen inhaftéiert (knapps d'Hallschecht vun hinnen - 15 - an Untersuchungshaft).

Déi Gefaangen hunn d'Recht, eng Stonn an der frëscher Loft ze verbréngen, an eng Stonn an enger Sportshal. Weider gëtt et tëscht dem neien an alen Trakt eng Hal mat 6 Atelieren, wou Gefaangener kënne schaffen. Eng 60 weider Aarbechtspalze sinn an der Wäscherei an an der Kichen.[1]

Direktere vum Prisong[änneren | Quelltext änneren]

Direktioun
Direkter vun bis
Vincent Theis 01.11.2016[4]
Michel Lucius 01.01.2016[5],[6],[7] 01.02.2021[8]
Joke Van der Stricht 01.02.2021[9]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Prisong vu Schraasseg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Tiago Rodrigues: "So verläuft ein Tag im Gefängnis Schrassig." wort.lu [w+], 10.10.2023. Och am Luxemburger Wort vum 23.10.2023, S.10-11.
  2. Séance publique n°26 vum 19.06.2014
  3. Loi du 24 juillet 2014 relative à la construction du centre pénitentiaire d'Uerschterhaff. Mémorial A n°144, S.2294
  4. Administration pénitentiaire - Démission. (arrêté grand-ducal du 23 mai 2016). legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-18.
  5. Michel Lucius prend la direction du centre pénitentiaire de Schrassig den 19. Oktober 2016 op lequotidien.lu, gekuckt den 22. Januar 2017
  6. Administration pénitentiaire - Affectation. (arrêté grand-ducal du 15 octobre 2016). legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-18.
  7. Administration pénitentiaire - Nomination. (arrêté grand-ducal du 7 septembre 2018). legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-18.
  8. Administration pénitentiaire - Démission. (arrêté grand-ducal du 4 septembre 2020). legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-18.
  9. Justizministère: Joke Van der Stricht vum 1. Februar un nei Directrice am Prisong zu Schraasseg. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-18.