Diskussioun:Prisong vu Schraasseg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De Prisong vu Schraasseg ass deen eenzege Prisong vu Lëtzebuerg. Sou steet et am Artikel. Ass den Centre pénitenciaire vu Givenich da kee Prisong? freet sech de Pecalux 10:27, 5. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

Am September 2006 hat schonns een en "Ufank gemaach, datt mer dat Thema net aus den Ae verléieren". Wier dëst net eng Geleeënheet mol e Saz derbäi ze schreiwen, amplaz sech ze freeën? --Cornischong 10:41, 5. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]
Ee Gléck, datt den am Ament inaktiven Administrator Zinneke net hei ass, deen hätt bestëmmt seng topeg Schabloun aus der Scheek geholl. Ech mengen natierlech déi mat "net diskutéieren, mä schreiwen". Ech leeën natierlech Wäert drop, ze relevéieren, datt déi Schabloun net vu mär ass! --Cornischong 10:50, 5. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

All Respekt: No 15 Méint "Centre pénitencier de Luxembourg" huet een (den aktiven Administrator Pecalux) dee falschen offiziellen Numm verbessert op "Centre pénitenciaire de Luxembourg". An ech hat scho gefaart, ech hätt meng Wett verluer. --Cornischong 10:32, 5. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

An deen, deen am September 2006 schonns en "Ufank gemaach, datt mer dat Thema net aus den Ae verléieren" hat, war keen aneren wéi den aktiven net-méi-Administrator Cornischong. Fläisseg, fläisseg. --Pecalux 11:22, 5. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]