Op den Inhalt sprangen

Gemeng Biermereng

Vu Wikipedia
Gemeng Biermereng
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Burmerange
de: Bürmeringen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Réimech
Gemeng Kanton Réimech
Fläch 1.380 ha
Koordinaten 49° 29’ 8’’ N
       19’ 21’’ O
D'fréier Gemeng Biermereng (orange) am Kanton Réimech (rout)

D'Gemeng Biermereng war bis Enn 2011 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réimech. Si huet du mat de Gemenge Schengen a Welleschten, zu der vergréisserter Gemeng Schengen fusionéiert.

Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng

Geschicht

Biermereng gouf fir d'éischt Kéier 842 als Boinbringas an engem Dokument vum Keeser Lothar ernimmt. Elweng gouf 739 fir d'éischt Aigevingen genannt. Éimereng gouf 907 fir d'éischt Ombringas genannt.

Tëscht 1659 an 1769 war Biermereng ënner franséischer Herrschaft, zesummen ë. a. mat Munneref, Duelem a Bous, am Géigesaz zum Rescht vum Land, wat als Herzogtum Lëtzebuerg (ofwiesselend ënner spuenescher, franséischer an éisträichescher Herrschaft) existéiert huet.[1]

D'Gemeng Biermereng ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

Wopen


Beschreiwung am Originaltext[2]:
Burelé d'or et de gueules au pal d'azur chargé d'une croix pattée d'argent accompagnée en chef et en pointe d'une fleur de lis d'or

D.C. 24. August 1984 - A.M. 29. November 1984 - Mémorial B 1984, Säit 1024 - Projet: Marcel Lenertz (1984)

D'Sträifen (fr. burrelé) am Wope si vun der Famill Grandpré, den éischte Grofe vu Rëttgen (burelé d'or et de gueules), déi vill Rechter um Territoire vun der Gemeng Biermereng haten, sief et eleng, wéi och als Vasale vun der Abtei Saint Maximin vun Tréier.

De bloe Poul (fr. pal) an der Mëtt mat de Lilien, verweist op de Wope vu Frankräich: de Gemengenterritoire war vu 1643 bis 1769 en Deel vum Kinnekräich Frankräich.

D'Kräiz erënnert un d'Abteie vun Tréier, Iechternach a Munster, déi iwwer d'Joerhonnerte verschidde Rechter um Territoire vun der Gemeng Biermereng haten.

Fusioun 2012

De 27. Januar 2010 haten d'Gemengeréit vu Schengen, Biermereng a Welleschten zougestëmmt, eng Prozedur an d'Weeër ze leeden, fir hir Gemengen ze fusionéieren. Den 10. Oktober 2010 hunn an engem Referenden dozou d'Majoritéit vun de Leit an deene betraffene Gemengen enger Fusioun 2012 zougestëmmt.[3]

Buergermeeschteren

  • 1843 - 1847: M. Klein[4]
  • 1847 - 1849: P. Kons
  • 1849 - 1849: P. Thomé
  • 1849 - 1854: Fr. Kons
  • 1854 - 1861: J. Hansen
  • 1861 - 1867: J. Rodius
  • 1867 - 1873: Fr. Klein
  • 1873 - 1885: J. Gloden
  • 1885 - 1888: N. Wiltzius
  • 1888 - 1902: L. Kons
  • 1902 - 1908: N. Thomé
  • 1908 - 1915: J. Wiltzius
  • 1915 - 1920: Julien Ernst
  • 1920 - [≥ 1934]: Pierre Diederich[4]
  • ...
  • 1946 - 1970: Joseph Kayser[5]
  • 1970 - 1975: Jules Bravy
  • 1976 - 1997: Will Bertrand
  • ...
  • 2005 - 2011: Ben Homan

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Gemeng Biermereng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Source:Websäit vun der Gemeng Biermereng
  2. Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 63 (fr).
  3. Zu Schengen ware 55 % vun de Leit dofir, zu Biermereng 76 % an zu Welleschten hu 69 % mat Jo gestëmmt. Vgl.:"Referendum: Fir Fusioun vu Schengen, Welleschten, Biirmereng." rtl.lu 10.10.2010, 08:40 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.10.2010, 17:54.
  4. 1 2 Die Bürgermeister im Distrikt Grevenmacher 1843—1933. In: Obermosel-Zeitung, 54. Jg., nº 75 (30.03.1934), p. 4 [Digitised by the National Library of Luxembourg.
  5. Ehrung in Bürmeringen. In: Luxemburger Wort, 123. Jg., n° 34 (03.02.1970), p. 6 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].