Naturschutzgebitt Kuebendällchen

Vu Wikipedia
Naturschutzgebitt
Kuebendällchen
Land Lëtzebuerg
Plaz Schengen
Fläch 35,1 ha
Nationalcode PS 11
Koordinaten 49°30'50"N, 6°20'20"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 25. Oktober 1991
Panneau vum Léierpad (nieft der Kierch vu Welleschten)

Kuebendällchen ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Schengen. Am Dräieck Welleschten, Schwéidsbeng an Elveng läit an der Riewelandschaft vun de Muselhäng e Bëschgebitt mat Hallefdréchewisen, wouvun zirka 35 ha zanter dem 25. Oktober 1991 ënner Naturschutz stinn.[1]

Geologie a Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

De Kuebendällchen, deen Deel vun engem klenge Säitendall vun der Kourlerbaach ass, läit geologesch gesinn haaptsächlech an den décke Schichte vum mëttlere Keuper, dem Steemergelkeuper. Dës Gestengsschichte si virun ongeféier 200 Millioune Joer bei der Oflagerung vu kallek- an tounräiche Sedimenter (Mergel) aus enger fréierer Küstelandschaft entstanen. Duerch déi tounräich Schichte kann d'Waasser kaum versickeren a fléisst uewerflächlech of, wat zur Folleg huet, datt verstäerkt Buedem a Gestengspartikelen ofgedroe ginn. Op dës Manéier hu sech am Laf vun der Zäit Däller mat zum Deel géien Häng forméiert. Wéinst de waasseronduerchlässege Mergelschichten trieden eng Rei Quellen am Gebitt aus.

Ouni mënschlechen Agrëff an d'Natur, wieren am Dall bal nëmme Bichebëscher, mat haaptsächlech Routbichen (Fagus sylvatica). Haut gëtt et am Gebitt allerdéngs vill verschidde Liewensraim, déi op eng fréier Kulturlandschaft mat hirer ënnerschiddlecher Exploitatiounsgeschicht zeréckginn. Wärend den Nordwesthank vum Kuebendällchen nach ëmmer forstwirtschaftlech benotzt gouf, gouf um Südosthank, deen haut d'Kärzon vum Naturschutzgebitt ass, iwwer laang Zäit Landwirtschaft bedriwwen. Wéinst der ongënschteger Lag an dacks naassen a schmierege Weeër an de Schichte vum Keuper ass haaptsächlech vun aarme Klengbaueren, déi sech kee Grondbesëtz a bessere Lagen uschafe konnten, Wäin ugebaut ginn. Well de Wäibau eleng net fir de Liewensënnerhalt duergoung, gouf och nach extensiv Véi gehalen. Zanter den 1950er an 1960er Jore goufe wéinst den ongënschtege Konditiounen d'landwirtschaftlech Aktivitéite lues a lues opginn. E groussen Deel vun de Fläche si schliisslech mat de standuertsfrieme Fiichten (Picea abies) opgeforst ginn, déi als Poulholz fir de Wäibau an als Chrëschtbeemercher vekaaft goufen. Aner Fläche goufe sech selwer iwwerlooss. Iwwerreschter vun deem mam Wäibau enk verbonnene Kappweidenubau sinn haut nach ze gesinn. Déi kleng flexibel Äscht vun de Weide goufe benotzt fir d'Riewen unzestrécken.

Mam Zil, datt aarteräich Hallefdréchewise sech nees entwéckele kënnen, huet den Naturschutzdéngscht vun der Forstverwaltung am Joer 1999 mat dem Emhae vun éischte Fiichtebestänn ugefaangen. Scho virdrun ass d'Gebitt wéinst senge ville raren Déieren a Planze mam groussherzoglechem Reglement vum 25. Oktober 1991 mat 22,7 ha an enger 12,4 ha grousser Pufferzon zum Naturschutzgebitt ausgewise ginn.

Ekologie[änneren | Quelltext änneren]

Déi wiesselvoll Exploitatiounsgeschicht vum Dällche spigelt sech haut am Vegetatiounsbild zeréck. Tëscht verschiddenen Trauschstrukturen, déi aus enger natierlecher Vegetatiounsentwécklung nom Enn vun der Exploiatioun ervirgaange sinn, leien eenzel oppe Fläche mat kallekhaltegen Hallefdréchewisen. Si, déi aus enger laangjäreger extensiver Wisen- oder Weedwirtschaft ervirginn, ziele mat hire Vegetatiounsbestänn a Mëtteleuropa zu den aarteräichste Planzegesellschaften iwwerhaapt a bidde virun allem konkurrenzschwaache Planzen, wéi den Orchideeën e Liewensraum. Nieft der Orchis purpurea oder der Kruuchteblumm (Orchis mascula) fënnt een haut och nach vereenzelt d'Gielécker (Anthyllis vulneraria) oder d'Broochdëschtel (Eryngium campestre) hei. Op dëse Brooche mat Seechomeskéip sicht heefeg de Gréngspiecht (Picus viridis) no Seechomessen, vun deenen hie sech haaptsächlech erniert.

Déi konkurrenzschwaach Planzegesellschaften, déi mat e puer Ausnamen an eiser Landschaft Ersatzgesellschaften zum Bësch duerstellen, reagéieren allerdéngs ganz empfindlech op Standuertsverännerungen. Duerch d'Opforstung oder Verbroochung vun de Fläche si vill Planzenaarten no an no zeréckgedréngt ginn. D'Gentiana cilliata oder d'Bei (Ophrys apifera) sinn heivu betraff. Duerch déi natierlech Suzessioun setze sech héich Grieser wéi d'Brachypodium pinnatum duerch, ier éischt Getraisch wéi d'Schléif (Prunus spinosa), d'Wäissdar (Crataegus monogyna) an d'Haartrutt (Cornus sanguinea) lues vum Bord hir an déi oppe Fläche virdréngen an en éischte Verbuschungsstadium bilden. Fir d'aarteräich Hallefdréchewise laangfristeg z'erhalen an eng Verbuschung ze verhënneren, musse Fleegemoossnamen a Form vun enger extensiver Beweedung oder duerch e spéit Méien duerchgefouert ginn.

Op den Hallefdréchewisen an an den hallefoppene Getraischbestänn fanne vill Päiperleken en optimale Liewensraum. Laanscht déi villfälteg ausgeprägte Getraischer wuesse Planzen, déi d'Hëtzt gär hunn, wéi Lithospermum officinale oder de Wëlle Kléi (Trifolium medium) a weise sech de Schwirrel (Locustella naevia) d'Bëschgraatsch (Sylvia communis) oder d'Heckegraatsch (Sylvia curruca). D'Hieselmaus (Muscardinus avellanarius) an déi rar Schnepp (Scolopax rusticola) profitéiere vun oppene Getraischstrukture mat Hieselter (Corylus avellana), wärend déi strukturräich Bëscher vum Kuebendällche mat alem Bambestand vu Schwaarzspiecht (Dryocopus martius) a Mëttelspiecht (Dendrocopos medius) bewunnt ginn. D'Aartevillfalt am Gebitt gëtt nach erhéicht duerch déi klengflächeg naass Plaze wou Quellen austrieden. Op dëse Plaze wuessen de rare Rise-Kazeschwanz (Equisetum telmateia) oder d'Supp-Hondsdëschtel (Cirsium palustre).

Naturléierpad[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2000 ass vun der Forstverwaltung e Léierpad mat informative Panneauen iwwer interessant Aspekter vum Dällchen amenagéiert ginn. De Circuit kann zu Wëntreng (6 km), Welleschten (5 km) an Elveng (6 km) all Kéier bei der Kierch ugefaange ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  • Broschür: Naturschutzgebiet Kuebendällchen. Ëmweltministère - Forstverwaltung, 2000.
  1. Règlement grand-ducal du 25 octobre 1991 déclarant zone protégée le site Kuebendällchen englobant des fonds sis sur le territoire des communes de Wellenstein et de Burmerange. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.