Naturschutzgebitt Méchelbuch-Biischtert

Vu Wikipedia
Naturschutzgebitt
Méchelbuch-Biischtert
Fläch 329 ha
Nationalcode ZH19 / ZH71 / RFI12
Koordinaten 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 11. Februar 2020


D'Naturschutzgebitt Méchelbuch-Biischtert ass en Naturschutzgebitt vun nationalem Intressi zu Lëtzebuerg, an de Gemenge Biissen, an zu méi klengen Deeler an de Gemenge Colmer-Bierg a Viichten, dat duerch e groussherzoglecht Reglement vum 11. Februar 2020 geschaf gouf[1].

Et huet eng Fläch vun 329 Hektar, an ëmgräift de Bësch Biischtert a ronderëm ë. a. de Giedchesbësch, den Houbiischtert an Deeler vun den Härenhecken. Et handelt sech ëm e Bësch mat enger ganzer Rëtsch klenge Weieren a Fiichtgebidder. Um südleche Bord leeft d'Helmeschbaach, déi zwéi weider Weiere fiddert.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

...

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Règlement grand-ducal du 11 février 2020 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle la zone « Michelbouch-Biischtert » sise sur les territoires des communes de Bissen, Colmar-Berg et Vichten. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-18.